Inselbierg
En Inselbierg ass an der Geomorphologie en Eenzelbierg oder eng Bierggrupp, déi sech inselarteg an ouni Iwwergank aus enger flaacher Géigend eraus hieft.
Ënnerscheet gi Strukturinselbierger, déi d’Reschter vun enger fréierer zesummenhänkender Bierglandschaft (Zeiebierg) sinn, a Schëldinselbierger (z. B. den Zockerhutt zu Rio de Janeiro) – fräigespulltent Gestengs – déi heefeg am Zesummenhank mat Spullflächen entstinn.
Fräistoend Vulkane gehéieren net zu Inselbierger.
Inhaltsverzeechnes |
Vegetatioun [änneren]
Opgrond vu Klima- a Buedembedingungen ënnerscheede sech Inselbierger däitlich vun hirer Ëmgéigend. U Waasser- oder Nährstoffmangel ugepasste Planzen wéi z. B. carnivore Planzen wéi Sonnentau- a Waasserschlauchgewächs, oder géint Drëchenheet resistent Planze wéi beispillsweis d'Afrotrilepis pilosa fannen hei hire Liewensraum. Waasserspäicherend Blat- a Stammsukkulente, a Südamerika oft Bromelien, wuessen hei. Et gëtt anerersäits awer och Waasserplanzen an den temporäre Weieren.
Virkomme vun Inselbierger [änneren]
Inselbierger kann een och op villen Himmelskierper ufannen, z. B. op dem Äerdmound.
Literatur [änneren]
- Herbert Louis, Klaus Fischer: Allgemeine Geomorphologie. Walter de Gruyter 1979, ISBN 3110071037, S.144ff (verkierzte Online-Versioun (Google Books))
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Inselbierger – Biller, Videoen oder Audiodateien |