Archipel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Inselgrupp)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
E bekannt Beispill: de Galápagos-Archipel (Satelittebild vun der NASA)

En Archipel [arçi'pe:l], vum laténgeschen Archipelagus, bezeechent eng inselräich Mieresgéigend. Am wëssenschaftleche Sënn ëmfaasst en Archipel d'Land- a Mieresgebitter vun enger inselräicher Regioun. De Begrëff gëtt haut meeschtens als Synonym fir Inselgrupp benotzt, enger Usammlung vun Inselen déi relativ no beieneen leien.

D'Wuert Archipel besteet aus den zwee griichesch Begrëffer αρχι- (archi- = "Haapt-") an πέλαγος (pelagos = "Mier") an huet ursprénglech nëmmen déi inselräich Géigenden an der Ägäis bezeechent. Eréischt zanter dem Ufank vum 13. Joerhonnert ginn Mieresregiounen mat gréisseren Inselgruppen – baussent der griichescher Ägäis – och als Archipel bezeechent.

Den Ënnerscheed zu enger renger Inselgrupp ass evident: eng Inselgrupp ass eben just eng Grupp vun Inselen; den Archipel ëmfaasst eng Inselgrupp zesummen mat dem Mier wat dertëschent a ronderëm läit.

Inhaltsverzeechnes

Gréisser Inselgruppen an Archipelen [änneren]

Atlanteschen Ozean [änneren]

Pazifeschen Ozean [änneren]

Indeschen Ozean [änneren]

Arkteschen Ozean [änneren]

Südlechen Ozean [änneren]

Commons: Archipelagoes – Biller, Videoen oder Audiodateien