Institut Pierre-Werner

Vu Wikipedia
Logo vum Institut Pierre Werner

Den Institut Pierre Werner, nom Memorial Institut culturel franco-germano-luxembourgeois Pierre Werner, kuerz IPW, ass en europäescht Kulturinstitut mat Sëtz am Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster an der Stad Lëtzebuerg.

En europäeschen Humanismus[änneren | Quelltext änneren]

Den Institut soll de kulturellen an intellektuellen Dialog tëscht den dräi Grënnungslänner Däitschland, Frankräich, Lëtzebuerg an och aneren europäesche Länner fërderen. Op dësem Wee wëll den Institut Pierre Werner e Bäitrag zu der Entwécklung vun enger europäescher Staatsbiergerschaft am Sënn vun der Traditioun vun der europäescher Opklärung an den Erfarunge vun der Nokrichszäit vum 20. Joerhonnert leeschten.

Eng däitsch-franséisch-lëtzebuergesch Initiativ[änneren | Quelltext änneren]

Den IPW ass 2003 op Initiativ vun der däitscher, franséischer a lëtzebuergescher Regierung als “Association sans but lucratif” no lëtzebuergeschem Recht gegrënnt ginn.[1] Den IPW steet ënner der Autoritéit vun senge Kontributeuren, dem Goethe-Institut, dem franséischen Ausseministère an dem lëtzebuergesche Kulturministère. D'Decisioun de Sëtz vum Institut zu Lëtzebuerg ze maachen ënnersträicht de Charakter vum Institut als eng europäesch Ariichtung.

E Raum fir d'Wuert[änneren | Quelltext änneren]

D'Aarbechtsfeld vum Institut Pierre Werner ëmfaasst Konferenzen a Podiumsdiskussiounen zu europäeschen Theemen, sief et vu politescher, geeschteswëssenschaftlecher oder wirtschaftlecher Natur; Liesungen, ëffentlech Interviewen, Diskussioune mat däitschen, franséischen a lëtzebuergeschen Intellektuelle vu verschiddene Fachrichtungen. Dozou kommen nach Veranstaltungen aus alle méigleche kulturelle Sparten, déi de multilaterale Kulturdialog fërderen. Den IPW schafft mat anere politeschen, kulturellen an europäeschen Institutiounen, sou wéi mat den Universitéiten aus der Groussregioun zesummen.

Pierre Werner, e Virdenker[änneren | Quelltext änneren]

Den Institut ass nom lëtzebuergesche Politiker Pierre Werner (1913-2002), Virdenker a Matgrënner vun enger politescher a wirtschaftlecher Europäescher Unioun, genannt ginn. Geleet gëtt den IPW vun engem Direkter, dee vum Verwaltungsrot genannt gëtt, an zwéi stellvertriedend Direkteren, déi jeeweils vu Frankräich an Däitschland genannt ginn.

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Institut Pierre-Werner – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Memorial. Journal Officiel du Grand-Duché du Luxembourg Recueil des sociétés et associations. Konsultéiert den 18. Abrëll 2013.