Institut fir Radioastronomie am Millimeterberäich
D'Institut fir Radioastronomie am Millimeterberäich (IRAM) ass en internationale Radioobservatoire.
D'IRAM gouf am Joer 1979 gegrënnt a gëtt an däitsch-franséisch-spuenescher Zesummenaarbecht bedriwwen. Dréierorganisatioune sinn d'Max-Planck-Gesellschaft, de franséische Centre national de la recherche scientifique (CNRS) an de spueneschen Instituto Geográfico Nacional (IGN). D'IRAM bedreift zwéin Observatoirë fir Radioastronomie. Béid stinn op enger grousser Héicht, well do d'Duerchléissegkeet vun der Äerdatmosphär fir Radiowellen vun 1-3 mm Wellelängt méi gënsteg ass.
D'Institutsariichtungen zu Grenoble a zu Granada déngen der technescher Entwécklung an Ënnerstëtzung, der Verwaltung an dem wëssenschaftleche Gebrauch.
30 m-Teleskop um Pico del Veleta [änneren]
Den Eenzelteleskop mat 30 m Reflekterduerchmiesser steet op enger Héicht vun 2.920 m an der Géigend vum Pico del Veleta an der Sierra Nevada a Südspuenien, ronn 50 km südëstlech vu Granada. Zënter den 1980er Joren ass et dat weltgréisst Radioteleskop fir de Wellelängteberäich vu 4 mm bis erof op 1 mm, wat engem Frequenzberäich vu 72 bis 300 GHz entsprécht. Et ass ee vun den empfindlechste Radioteleskope vun der Welt fir Miessunge bei kuerze Millimeterwellelängten.
Koordinaten:
37° 03’ 58.3’’ N 03° 23’ 33.7’’ W
Millimeter-Interferometer um Plateau de Bure [änneren]
Op dem 2.552 m héije Plateau de Bure am Dévoluy-Massiv an de franséischen Alpe steet zënter 1988 e Radiointerferometer vu 6 Antenne mat je 15 m Duerchmiesser fir Observatioune mat héijer Wénkelopléisung bei Wellelängte vun 1, 2 an 3 mm. Mat gréissten Distanze vu 760 m, tëschent den Antenne, gëtt eng Wénkelopléisung bis zu 0,4 Bousekonnen erreecht.
Koordinaten:
44° 38’ 02’’ N 05° 54’ 28.5’’ O