Institut grand-ducal

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Institut grand-ducal ass en offiziellt Organ, dat 1868 ënnert dem Numm Institut royal grand-ducal fir d'Promotioun vun de Wëssenschaften, der Konscht an der Literatur gegrënnt gouf.

Den Institut grand-ducal besteet aus sechs Sektiounen. Et sinn dat:

[änneren] Historique

Den Institut royal grand-ducal ass den 24. Oktober 1868 aus dem Zesummeschloss vun dräi Gesellschaften, der Société archéologique, der Société des sciences naturelles an der Société des sciences médicales, entstanen. Den Institut royal grand-ducal gouf an dräi Sektiounen opgedeelt:

  • Section des sciences historiques
  • Section des sciences naturelles et mathématiques
  • Section des sciences médicales

Nom Doud vum Wëllem III. am Joer 1890 gouf aus dem Institut royal grand-ducal den Institut grand-ducal.

Aus der Société luxembourgeoise d'études linguistiques et dialectologiques à Luxembourg ass 1935 eng véiert Sektioun ervirgaangen:

  • Section de linguistique, de folklore et de toponymie.

1962 ass eng fënneft Sektioun dobäikomm:

  • Section des arts et lettres

Déi sechst Sektioun ass 1966 gegrënnt ginn:

  • Section des sciences morales et politiques.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen