Instituto Nacional de Técnica Aeroespacial

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Logo vun der INTA

D'Instituto Nacional de Técnica Aeroespacial (kuerz INTA, op Lëtzebuergesch: Nationaalt Institut fir Loft- a Raumfaarttechnik) ass déi spuenesch Weltraumorganisatioun. Si ënnersteet dem spuenesche Verdeedegungsministerium, ass awer souwuel fir déi zivil wéi och militäresch Fuerschung an Entwécklung an der Loftfaart zoustänneg. INTA gouf 1942 gegrënnt an huet den Haaptsëtz zu Torrejón de Ardoz, no bei Madrid.

Nieft Fuerschung ass INTA och fir d'Zertifizéierung an Erprouwung vu Materialie, Komponente an Systeme vun der Loft- a Raumfaarttechnik zoustänneg. INTA beschäftegt 1.200 Mataarbechter, d'Budget beleeft sech op ronn 100 Milliounen Euro a staamt aus ëffentlechen Gelder wéi och aus Akommen aus der Industrie.

INTA ass zu 100 % Besëtzer vum Raumfaarttechnikkonzern INSA an hält Undeeler vun Hispasat (16,4 %), Hisdesat (37,6 %) an XTAR (16,3 %).

Projeten[änneren | Quelltext änneren]

Den INTA hat den éischte Satellit ënner dem Numm INTASAT entwéckelt an am Joer 1974 vun der Vandenberg Air Force Base mat enger Delta-Drorakéit gestart.

De Minisat 01 gouf den 21. Abrëll 1997 vum Loftwaffestëtzpunk Gran Canaria (Fluchhafe Gran Canaria) aus gestart an ass den éischte Satellit deen a Spuenien hiergestallt gouf. An den éischte véier Joer ass hien 21.000-mol ëm d'Äerd geflunn an hat dobäi ronn 700 Mio. Kilometer zréckgeluecht.

Den 200 Kilogramm schwéiere Minisat ass ongeféier sou grouss wéi eng Kleederkammoud a villfälteg asetzbar. Nodeem de Satellit 2001 nach voll asazfäeg war, gouf seng Missioun ëm weider zwee Joer verlängert.

D'Héichtefuerschungsrakéit INTA-255 gouf dräimol tëscht 1969 an 1970 vun der Startplaz El Arenosillo aus gestart, d'INTA-300 sechsmol tëscht 1974 an 1994.

Ënner der Kuerzbezeechnung SIVA hat d'INTA en onbemannt Loftschëff gebaut. Véier SIVA goufen 2006 fir Testzwecker der spuenescher Arméi iwwerginn.

De 6. November 2008 hat de spuenesche Verdeedegungsministère e Vertrag fir d'Hierstellung vun zwéi mat optesche Kameraen a Radar geeegent Opkläerungssatellite ënnerschriwwen, déi den Numm Paz an Ingenio droe sollten. D'Käschte vum Projet hu sech op 160 Milliounen € belaf, d'Satellitte si vun EADS-CASA produzéiert a vun Hisdesat an Zesummenaarbechtt mat der INTA bedriwwe ginn.[1]

Standplazen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Instituto Nacional de Técnica Aeroespacial – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]