Integrativ Verkéiers- a Landesplanung

Vu Wikipedia

D'IVL, Ofkierzung vun Integrativ Verkéiers- a Landesplanung, ass en zesummenhängend Landesplanungskonzept, dat d'Bebaue vu Lëtzebuerg an engem Horizont bis 2020 virausgesäit.

Et geet drëm fir zukünfteg Usiidlungen (vu Logementer a Betriber) sou ze gestalten, datt:

  • den ëffentlechen Transport sënnvoll benotzt ka ginn,
  • net onsënneg vill Transportbesoine geschaf ginn (duerch onkontrolléiert Zersiidlung), an
  • net ze vill Landschaft duerch d'Verbaue verbraucht gëtt.

Et gëtt och dobäi opgepasst, datt d'Usiidlunge sou gestalt ginn, datt gemeinsam benotzt Ariichtunge wéi Schoulen, Fräizäitinfrastrukturen an Deponie fir vill Leit regional gutt zougänglech sinn. Et ass e Versuch fir déi iwwerméisseg Zentraliséierung op d'Stad Lëtzebuerg mat engem Gesamtkonzept ze reduzéieren.

Et handelt sech hei déi éischt Kéier ëm en iwwerregionaalt Konzept (fir d'Entwécklung vu Lëtzebuerg am Bezuch op d'Bebauen an op den Transport - also eent, wat iwwer d'Decisioune vun den eenzele Gemengen erausgeet).

D'IVL war 1999 en Optrag vum Inneminister Michel Wolter, mä et schaffen awer all d'Ministèren a Verwaltungen drun déi concernéiert sinn, wéi den Transportministère, de Ministère fir d'ëffentlech Bauten, den Ëmweltministère, de Wunnengsbauministère an d'Stroossebauverwaltung.

D'IVL ass vun dräi däitsche Büroe gemaach an 2003 virgestallt ginn:

  • AlbertSpeet&Partner vu Frankfurt,
  • Topp, Skoupil, Küchler
  • L.A.U.B.

D'IVL gëtt d'Grondlag fir de Programme Directeur d'Aménagement du Territoire. No deem sinn déi eenzel Gemengen ugehalen hir Bebauungspläng z'iwwerschaffen. Deementspriechend bestëmmt d'IVL d'zukünfteg Bebauung zu Lëtzebuerg vun den nächste Joerzéngten.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]