InterCity O

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'1360 vrun enger Ramm I11er zu Maastricht

Den InterCity O (IC O) ass e belschen Zuch dee Bréissel mat der hollänescher Stad Maastricht, respektiv mat Gouvy verbënnt.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Allgemenges

  • Den IC O fiert nëmmen ënnert der Woch, well um Weekend d'Demande op der Streck Bréissel-Léck duerch den IC A alleng ka gedeckt ginn. Tëscht Léck a Maastricht gëtt en duerch en L Zuch ersat.
  • Eng Koppel IC O fiert tëscht Bréissel a Gouvy, fir där Regioun eng direkt Verbindung mat Bréissel ze erméiglechen. Déi Zich fueren an enger sougenannter "Composition dromadaire", d.h. mat engem Steierwon un all Enn vun der Ramm.
  • Well d'Linn 2 ënnert 25.000 Volt Wiesselstroum elektrifizéiert ass, mussen d'Lokomotiven déi den Zuch zéien oder drécken, bei Leuven a bei Ans d'Spannung wiesselen. Op der Grenz, no bei Visé gëtt dann nach eemol d'Spannung gewiesselt, déi Kéier vun 3kV Gläichstroum op 1,5kV Gläichstroum. An der Praxis bedeit dat datt d'Lokomotiven ënnert 1,5 kV nëmme mat halwer Leeschtung ënnerwee sinn.
  • Den IC O ass niewent dem InterCity A den eenzege belschen Zuch dee regulär mat 200km/h ënnerwee ass.

[änneren] Material

Wëll se op der Linn 2 tëscht Leuven an Ans mat 200km/h fueren, bestinn all d'IC O aus enger Ramm I11er mat enger SNCB 13 un engem Enn an engem I11BDx-Steierwon um Aneren. Et ass geplangt d'Serie 13 duerch di nei Maschinnen aus der Serie 18 ze ersetzen. E geneeën Datum ass awer nach net bekannt. Dës Maschinnen sinn, genee wéi d'Serie 13 ausgeluecht fir ënnert der belscher, franséicher an holännescher Catenaire ze zirkuléiren.

[änneren] Streckeverlaf

Den InterCity O fiert iwwer folgend Linnen:

[änneren] Gare wou den Zuch hält

Bréissel-Midi - Bréissel-Central - Bréissel-Nord - Leuven(um Retour) - Léck-Guillemins - Bressoux - Visé - Maastricht

[änneren] Numerotatioun vun den Zich

Bréissel - Maastricht : IC 407 à 418
Maastricht - Bréissel : IC 427 à 439

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht