Internationaalt Eenheetesystem

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'SI-Eenheetesystem (SI ass déi int. Ofk. fir Système International d'Unités - "Internationaalt Eenheetesystem") verkierpert dat modernt metrescht System an ass dat am wäitste verbreeten Eenheetesystem fir physikalesch Eenheten.

D'SI-Eenheetesystem ass opgrond vun de Fuederunge vu Wëssenschaft a Fuerschung entstanen, mä et ass mëttlerweil och dat predominant Eenheetesystem vun Economie an Handel ginn. A ville Staaten, wéi z. B. och zu Lëtzebuerg, ass de Gebrauch vum SI-Eenheetesystem am administrativen oder geschäftleche Schrëftverkéier gesetzlech virgeschriwwen.

Déi 7 Basiseenheeten[änneren | Quelltext änneren]

D'Definitioune vun de Basiseenheeten a -gréisste vum SI sinn net endgëlteg, mä evoluéiere mam fortschrëttleche Stand vun der Miesstechnik. Am SI entspriechen déi siwe Basisgréissten de siwe Basiseenheeten. Fir kënnen d'Basiseenheete bei verschiddene Gréissteskalen ze gebrauchen, hëlt ee bestëmmte Virsilben wéi "Kilo-" oder "Milli-".

Gréisst Formelzeechen Numm Eenheetenzeechen Definitioun
Längt l Meter m Längt vun der Distanz, déi d'Luucht am Vakuum an enger 1/299 792 458 Sekonn zréckleeft
Mass m Kilogramm kg Eenheet vun der Mass; entsprécht der Mass vum Internationale Kilogrammprototyps2)
Zäit t Sekonn s dat 9 192 631 770facht vun der Periodendauer vun der Stralung, déi dem Iwwergank tëscht deenen zwéinHyperfeinstrukturniveaue vum Grondzoustand vun Atomer vum Nuklid 133Cs entsprécht.
Stroumstäerkt I Ampère A Stäerkt vun engem konstante Stroum, deen duerch zwee parallel, gruedlinneg, onendlech laang an am Vakuum ee Meter vuneneen ewech placéiert Leeder fléisst, tëscht dëse Leedere pro Meter Längt déi Kraaft vun 2 · 10 −7 Newton ervirrifft.
Thermodynamesch Temperatur T Kelvin K den 273,16-ten Deel vun der thermodynamescher Temperatur vum Tripelpunkt vum Waasser1)
Quantitéit vu der Matière n Mol mol d'Quantitéit vun der Matière vun engem System, deen aus genee souvill Eenzeldeelercher besteet, wéi Atomer an 0,012 Kilogramm vum Kuelestoffnuklid 12C sinn.
Liichtstäerkt I_V Candela cd Liichtstäerkt an enger bestëmmter Direktioun vun enger Stralungsquell, déi monochromatesch Stralung vun der Frequenz 540 · 1012 Hertz ausstraalt an där hir Stralstäerkt an dëser Richtung (1/683) Watt duerch Steradiant bedréit
1) Déi aktuell Definitioun kënnt vun der Internationaler Temperaturskala aus dem Joer 1990 (ITS-90) hir. Tëscht den Zuelewäerter vun der thermodynamescher Temperatur T an der Celsiustemperatur \vartheta besteet den Zesummenhang: \{\vartheta_{\rm Grad \, Celsius} \} = \{T_{\rm Kelvin} \} - 273{,}15
2) Zur Zäit gëtt un enger neier Definitioun vun der Masseneenheet geschafft, déi op der Atommass an net méi op engem Prototyp baséiere soll (kuckt heizou den Artikel Kilogramm).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: International System of Units – Biller, Videoen oder Audiodateien