International Atomenergie Agence

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Fändel vun der IAEA

D'International Atomenergie Agence (fr: Agence Internationale de l'énergie atomique (AIEA) / en: International Atomic Energy Agency (IAEA) ass eng spezialiséiert Agence vun de Vereenten Natiounen a gouf den 29. Juli 1957 mat Sëtz zu Wien gegrënnt. D'Organisatioun engagéiert sech fir den zivile Gebrauch vun der Atomenergie a setzt sech dofir an d'Entwécklung, d'Verbreedung an de Mëssbrauch vu Nuklearmaterial fir militäresch Zwecker ze limitéieren.

D'IAEA ass als reng wëssenschaftlech-technesch Organisatioun an hirer Aarbecht zwar autonom, huet awer selwer kee Weisungsrecht an ass doduerch op d'Decisioune vum UNO-Sécherheetsrot ugewisen.

2005 krut d'IAEA zesumme mat hirem aktuellem Generaldirekter, dem Mohamed ElBaradei de Friddensnobelpräis.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 8. Dezember 1953 proposéiert den deemolegen US-amerikanesche President Dwight D. Eisenhower am Kader vun enger Ried mam Titel Atoms for Peace virun der UNO-Generalversammlung d'Grënnung vun enger politesch onofhängeger Agence déi dofir zoustänneg sollt sinn den internationale Gebrauch vun nuklearem Material z'iwwerwaachen.

D'IAEA gouf den 29. Juli 1957 offiziell gegrënnt, war awer bis zu der Kubakris 1962 an hirer Aarbecht praktesch bedeitungslos well weder d'USA nach d'Sowjetunioun Intérêt drun haten sech an hirer Nuklearstrategie an d'Kaarte kucken ze loossen.

1968 gëtt den Traité géint d'Proliferatioun vun Nuklearwaffen (Nuclear Non-Proliferation Treaty) ratifizéiert an d'IAEA als eenzeg legitim a responsabel Kontrollinstanz désignéiert.

D'Pëtrolskris an de siwwenzeger Joer féiert dozou datt a ville Länner drop an dawidder Atomzentralen opgeriicht ginn an d'Nuklearenergie ganz allgemeng als Léisung vun allen zukënftegen Energieproblemer gefeiert gëtt. D'Memberszuel vun der IAEA klemmt a proportional dozou geet och d'Zuel vun de regelméissege Kontrollen déi ze maache sinn an d'Luucht.

D'Vertrauen an d'Atomenergie kritt 1979 mam Accident vu Three Mile Island, spéitstens awer 1986 mat der Katastroph vun Tschernobyl eng ferm op den Deckel. D'IAEA intensivéiert doropshin hir Sécherheetskontrollen.

Mat der Entdeckung vum irakeschen Nuklearprogramm am Joer 1991, kritt d'IAEA méi Moyene vun der internationaler Communautéit zougesot. Zanterhier ass et der Agence och méiglech -de Fall gesat si krut d'Erlaabnes- a Länner déi selwer net Member sinn Nuklearprojeten z'iwwerwaachen.

2003, kuerz virum Drëtte Golfkrich, hunn d'IAEA an hiren deemolege Generaldirekter Hans Blix eng zentral Roll an der internationaler Kontrovers em d'eventuell Existenz vu Massevernichtungswaffen am Irak gespillt.

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'IAEA huet hiren Haaptsëtz zu Wien an Éisträich. Regional Büroe gëtt et zu Genève (Schwäiz), New York (USA), Toronto (Kanada) an Tokio (Japan). Zu Seibersdorf an Éisträich huet d'Agence en eegenen nukeleartechnesche Laboratoire ageriicht.

An der IAEA sinn am Ament 139 Länner vertrueden (2006). Et sinn och d'Memberen déi fir de Budget vun der Organisatioun opkommen.

Wichtegst Organer vun der Agence sinn d'Generalkonferenz, de Gouverneursrot (Board of Governors) an d'Sekreteriat. D'Organisatioun huet eng 2200 Mataarbechter, dovu Ronn 350 an der Funktioun vun Inspekteren.

D'IAEA rapportéiert regelméisseg dem Sécherheetsrot an der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: IAEA – Biller, Videoen oder Audiodateien