International Mathematik-Olympiad

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'International Mathematik-Olympiad (ofgekierzt IMO) ass déi prestigiéist Kompetitioun an der Mathematik, déi et fir Jugendlecher gëtt. Si ass all Joer, an all Kéier an engem anere Land. Matmaache kënne Schüler ënner 20 Joer, déi nach net op enger Universitéit ageschriwwe sinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'International Mathematik-Olympiad gëtt zanter 1959 all Joer ofgehalen. An den éischte Jore war si begrenzt op déi fréier Ostblockstaaten aus Europa, mä zanter den 1970er Jore maachen ëmmer méi Länner weltwäit mat. An der Tëschenzäit sinn et iwwer 100 Länner, déi all Joer eng Equipe bereet stellen.

All Land kann eng Equipe vu maximal sechs Schüler presentéieren. Déi Equipe gëtt encadréiert vun engem Delegatiounschef, international Leader genannt, a sengem Adjoint, dem Deputy Leader. Lëtzebuerger Leadere ware bis haut d'Professere Lucien Kieffer (vun 1980 bis 1991), Charles Leytem (vun 1992 bis 2014, ausser 2011) a Bernard Felten (2011).

Lëtzebuerg hëlt regelméisseg deel un der Internationaler Mathematik-Olympiad zanter 1980. Grad dat Joer sollt d'Kompetitioun an der Mongolei sinn, mä wéinst engem lokale Biergerkrich gouf se kuerzfristeg ofgesot an duerch zwou interregional Kompetitiounen ersat. Dovu war eng zu Miersch am haitege Lycée classique de Diekirch. Zanterhier war keng international Mathematikskompetitioun méi zu Lëtzebuerg, haaptsächlech aus Käschtegrënn.

Well de verlaangten Niveau extrem héich ass, huet Lëtzebuerg an de vergaangene Jore regelméisseg drop verzicht, mat enger kompletter Equipe vu 6 Schüler unzetrieden. Meeschtens hunn d'Equippen aus just 2-3 Schüler bestanen. Op der 50. IMO am Joer 2009 war d'Lëtzebuerger Equipe fir d'éischt komplett. Och 2011 ass Lëtzebuerg mat enger Equipe vu 6 Schüler op der IMO zu Amsterdam ugetrueden.

Déi nächst Olympiad gëtt am Juli 2015 zu Chiang Mai an Thailand ofgehalen.

Oflaf[änneren | Quelltext änneren]

D'International Mathematik-Olympiad dauert normalerweis 9 Deeg. Fir d'éischt mussen d'Jurys-Memberen, d. h. d'Leadere vun alle vertruedene Länner, d'Problemer zesummestellen. Déi eigentlech Kompetitioun dauert dann 2 Deeg: dobäi mussen d'Kandidate 6 extrem schwéier Problemer an der Zäit vun am Ganzen 9 Stonnen (zweemol 4,5 Stonnen) léisen. Déi Deeg duerno ginn de Schüler hir Aarbechte vun de Professere verbessert a bewäert. Fir all Léisung kann ee maximal 7 Punkte kréien. Sou huet all Schüler um Enn en Total tëscht 0 an 42 Punkten, an all Land e groussen Total tëscht 0 an 252 Punkten.

Déi bescht Schüler kréien als Belounung eng Gold-, Sëlwer- oder Bronze-Medail. Sou eng Medail gëllt allgemeng ass déi héchst Auszeechnung, déi ee jonke Mathematiker kann ustriewen, ier en op eng Universitéit geet.

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

Hei si sämtlech Lëtzebuerger, déi bis 2014 eng Medail kritt hunn.

Joer Plaz Gold Sëlwer Bronze
1981 Washington D.C. Michel Dauphin
1984 Prag Marcel Cox
1987 Havanna Christian Pauly
1988 Canberra Christian Pauly Alain Knaff
Marc Pauly
1989 Braunschweig Christian Pauly Marc Pauly
1990 Peking Marc Pauly Pascal Zeihen
1991 Sigtuna Pascal Zeihen
1993 Istanbul Laurent Berger
1994 Hong Kong Laurent Berger
1998 Taipeh Dominic Pinto
1999 Bukarest Georges Baatz
2000 Seoul Georges Baatz
Tom Schaul
2003 Tokyo Marc Kaufmann
2004 Athen Marc Kaufmann
2007 Hanoi Giancarlo Kerg
2008 Madrid Pierre Haas
Jingran Lin
2009 Bremen Pierre Haas
Jingran Lin
Marc Sinner
2011 Amsterdam Grégoire Genest
2012 Mar del Plata Victor Quach
2013 Santa Marta Gilles Englebert
2014 Kapstadt Charel Thull

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]