International Rugby Board
Den International Rugby Board ass de Weltverband vun der Sportart Rugby Union. E gouf 1886 als International Rugby Football Board (IRFB) vun de Verbänn aus Schottland, Irland a Wales gegrënnt. 1890 ass England, dat am Ufank net wollt matmaachen, als neie Member derbäi komm.
Den Haaptsëtz vum IRB ass an der irescher Haaptstad Dublin. Am Verband sinn 2008, 95 Vollmemberen, 20 assoziéiert Memberen a sechs Regionalverbänn. Den IRB organiséiert e puer vun de bedeitesten Turnéieren, virum allem d'Rugby-Union-Weltmeeschterschaft.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
Virun 1885 goufen d'Spillregele vum englesche Verband Rugby Football Union festgeluecht. Wéinst Streidereien iwwer d'Regelen an d'Punktwäertung hunn d'Verbänn aus Irland (Irish Rugby Football Union), Schottland (Scottish Rugby Union) a Wales (Welsh Rugby Union) en internationale Verband, den International Rugby Football Board (IRFB) gegrënnt, a hunn de Spillverkéier mat England boykottéiert. Nom Schluss vun de Streidereien ass England trotzdem 1890 an den IRFB bäigetrueden. An deem selwechte Joer leet den IRFB déi éischt international Regele fest. Vill méi spéit – nämlech 1949 – koumen dann och bedeitend Rugbynatiounen Australien, Neiséiland a Südafrika derbäi.
De Board war fréier no sengem Selbstverständnes an deem vu sengen Membren eng reng Regelkomissioun, a keen eigentlechen Daachverband fir Concoursen ewéi d'Weltmeeschterschaft oder Turnéieren. Den Numm léisst dat jo schonn erkennen, et ass weder eng "Unioun" nach eng "Féderatioun", mee einfach reng e "Board".
Eréischt nom Bäitrëtt vu Frankräich am Joer 1978 goufen a kuerzer Zäit ëmmer méi Länner opgeholl, a bilden d'Membere vun der FIRA-AER. Den IRFB gouf zum Weltverband, an huet 1987 di éischt Rugby-Union-Weltmeeschterschaft organiséiert , an iwwerhëlt d'Patronat iwwer aner Concoursen. 1998 gouf en an International Rugby Board (IRB) emgedeeft. D'Unzuel vun den Membren ass am Moment 95 (September 2008).
[änneren] Concours'en
Dei éischt Rugby-Union-Weltmeeschterschaft war 1987 an Australien an a Neuseeland. Seitdem gëtt se all 4 Joer gespillt. D'Weltmeeschterschaft zielt mëttlerweil zu den wichtegsten Sportevenementer vun der Welt. D'Associatioun Rugby World Cup Ltd., déi vun der IRB geleet gett, ass am Besëtz vun sämtlechen Rechter am Zesummenhang mat der Weltmeeschterschaft. D'Recetten si sou grouss, dat d'IRB en groussen Dëel dovunner benotzt, d'Entwëcklung vun méi klengen Rugbynatiounen ze ennerstetzen. Den IRB organisiert och die Rugby-Union-Weltmeeschterschaft vun den Fraen, die och all véier Joer stattfënnt, an zwar ëmmer am Joer virun der WM vun den Männer. En aneren Tournoi ass d'Weltmeeschterschaft U19 an U21.
Den IRB ass verantwortlech fir d'Organisatioun vu villen Concours'en an der Variante 7er-Rugby. Am wichtegsten sinn d'IRB Sevens World Series. 1993 gouf op Ufro vun den Schotten fir d'eicht eng 7er-Rugby-Weltmeeschterschaft organiséiert. 2009 soll fir d'éischt Kéier eng 7er-Rugby-WM fir Dammen existéieren.
Nieft de Rugby-Union-Weltmeeschterschaften vun den Männer a Fraen an den villen 7er-Rugby-Concours'en, organisiert d'IRB an der ganzer Welt aner Tournoien. Den IRB huet sech zum Zil gesat, Rugby an Nordamerika mei populär ze machen an organisiert dofiir den Churchill Cup und den Super Powers Cup. De Concours North America 4 soll op laanger Dauer zu enger professioneller nordamerikanischer Liga bilden. Ähnlech aktiv ass d'IRB am pazifeschen Raum mit dem Pacific Rugby Cup a mam Pacific Nations Cup. Mam Nations Cup soll den Sport in Portugal a Russland gefuerdert ginn.
[änneren] Olympesch Spiller
- Kuck och: Rugby Union bei Olympischen Spielen
Bei den Olympeschen Spiler stung Rugby Union nëmmen veier Mol um Programm, fir d'lescht 1924. An den 80er Jore gouf et Versich, Rugby Union erëm zu enger olympescher Sportart ze maachen, mee d'Unstrengungen sinn d'Baach agaangen. Den IRB ass ganz interesséiert , d'Sportart erëm olympesch ze maachen, zumools dei 7er-Rugby Kriterien erfëllen, déi an der Olympëscher Charta definéiert sinn. 7er-Rugby gëtt an iwwer 100 Länner vu Männern gespillt, an an iwwer 50 Länner vu Fraen. D'IRB hält sech un d'Regele vun der World Anti-Doping Agency a betount, datt en olympescht Turnéier an engem eenzege Stadion a mat gerénge Käschten organiséiert ka ginn. [1]
[änneren] Memberen
D'IRB deelt seng Memberen an dräi Klassen an. D'Participanten vun de Six Nations (England, Frankräich, Irland, Italien, Schottland, Wales), vun den Tri Nations (Australien, Neuseeland, Südafrika) sou wéi Argentinien sinn an der Klass Nummer 1. Klass 2 ass Kanada, d'USA, Fidschi, Japan, Rumänien, Samoa und Tonga. All déi aner sinn an der Klass 3.
[änneren] Afrika
15 Membere vun der Confédération Africaine de Rugby (CAR) gehéieren dem IRB :
[änneren] Asien
13 Membere vun der Asian Rugby Football Union (ARFU) gehéieren dem IRB:
1 Arabian Gulf Rugby Football Union, gemeinsamt Verband von Bahrain, Katar, Kuwait, Oman, Saudi-Arabien an den Vereinigten Arabischen Emiraten
[änneren] Europa
37 Membere vun der Association Européenne de Rugby (FIRA-AER) gehéieren dem IRB:
[änneren] Nordamerika und Karibik
11 Memberen vun der North American and West Indies Rugby Association (NAWIRA)2 gehéieren dem IRB:
2 D' North American and West Indies Rugby Association stellen en Deel vun der Pan American Rugby Association duer, zesummen mat der Confederación Sudamericana de Rugby eng gemeinsamen ganzamerikanesch Féderation.
[änneren] Ozeanien
11 Membere vun der Federation of Oceania Rugby Union (FORU) gehéieren dem IRB:
[änneren] Südamerika
8 Membere vun der Confederación Sudamericana de Rugby3 (CONSUR) gehéieren dem IRB:
[änneren] Kuck och
- IRB-Weltrangliste
- IRB Hall of Fame
- Rugby League International Federation - der Weltverband für Rugby League
[änneren] Um Spaweck
[änneren] Referenzen
- ↑ Rugby and the Olympic Games auf der IRB-Website