Interslawesch

Vu Wikipedia
Interslawesch
medžuslovjansky
Gëtt geschwat an:
Regioun: Mëttel- an Osteuropa
Gëtt geschwat vun: e puer Honnerten
Klassement: ?
Klassifikatioun no Famill: * Plangsproochen
Interslawesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun: -
Reglementéiert vun:
Sproochcoden
ISO 639-1
ISO 639-2
ISO 639-3 -
De Fändel vun der interslawescher Sprooch

Interslawesch (medžuslovjansky, меджусловјанскы) ass eng slawesch Plangsprooch, déi am Joer 2006 ënner dem Numm Slovianski vun enger Ekipp vu Sproochfuerscher aus verschiddene Länner ënner der Leedung vum hollänneschen Iwwersetzer Jan van Steenbergen entwéckelt gouf. Hiert Zil ass d'Kommunikatioun tëscht Slawe vu verschiddenen Natiounen z'erméiglechen, a Mënschen, déi keng slawesch Sprooch schwätzen, d'Méiglechkeet ze gi mat de Slawen ze kommunizéieren. D'Grammaire an d'Vokabele baséiere souwuel op dem Alslawesche wéi och op de Gemeinsamkeete vun de moderne slawesche Sproochen. Den Auteuren no ass d'Sprooch ouni Kenntnes vun der Sprooch verständlech fir 90% vun de Slawen.

Wéi d'slawesch Sprooche gëtt Interslawesch vun enger syntheetescher Grammaire charakteriséiert. Et gëtt männlech, weiblech a sächlech Wierder, déi a siwe Fäll deklinéiert ginn. Verbe gi konjugéiert an hu souwuel Zäite wéi och Aspekter. Allerdéngs ass d'interslawesch Grammaire méi reegelméisseg wéi déi aner slawesch Sproochen, an doduerch och méi einfach ze léieren an ze benotzen.

D'modernt Interslawesch steet an enger laanger Traditioun. Eng éischt panslawesch Grammaire gouf schonn an de Jore 1659 - 1666 vum kroatesche Geeschtleche Juraj Križanić geschriwwen.

Interslawescht Alphabet[änneren | Quelltext änneren]

D'Interslawesch gëtt souwuel mam kyrillesche wéi och mat enger modifizéierter Versioun vum laténgeschen Alphabet geschriwwen:

Lat.: A B C Č D Dž E Ě F G H I J K L Lj M N Nj O P R S Š T U V Y Z Ž
Kyr.: A Б Ц Ч Д Дж Е Є Ф Г Х И Ј К Л Љ М Н Њ О П Р С Ш Т У В Ы З Ж

An der laténgescher Versioun gëtt et och e puer fakultativ Buschtawe mat diakriteschen Zeechen: Å Ć D́ Ð Ę Ĺ Ń Ȯ Ŕ Ś T́ Ų Ź

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]