inthierryview

Vu Wikipedia
Inthierryview
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2008
Première 2008
Dauer 105 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Andy Bausch
Dréibuch Andy Bausch
Fotografie Carlo Thiel
Musek ?
Schnëtt Misch Bervard
Produzent Paul Thiltges distributions
Schauspiller
(am Interview)
Thierry van Werveke
Til Schweiger
Michael Haneke
Moritz Bleibtreu
Buket Alakus
Sascha Ley
Frank Hoffmann
Pipo Petro
Claude Bertemes
Danielle Igniti
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

inthierryview ass e lëtzebuergesche Documentaire iwwer den Thierry van Werveke vum Andy Bausch. En ass den 28. November 2008 an de Kinoen ugelaf.

5.100 Leit hunn de Film am Kino gesinn.[1]

Wourëms geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Den Titel "inthierryview" ass e Wuertspill mat "Interview" an "Thierry". De Film ass en Documentaire iwwer dem Museker a Schauspiller Thierry van Werveke säi Liewen a seng Karriär, deen haaptsächlech aus Interviewe mam an iwwer de van Werveke besteet. Zu Wuert kommen ë. a. Museker, Schauspiller a Regisseuren, mat deenen en zesummegeschafft huet. Et gëtt och eng 50 Ausschnëtter aus Filmer, an deenen e matgespillt huet, an e puer fiktional Zeenen.

Nieft senger Karriär a Film, Musek an Theater schwätzt den Thierry van Werveke och iwwer seng Kandheet zu Genf, seng Drogenofhängegkeet als 18järegen, säin Job als Läichewäscher an als Garçon an engem Diddelenger Café, seng Zäit als éischte Punk vu Lëtzebuerg, säin Alkoholismus, asw.[2]

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Et ass dëst, no The very last cha cha cha (1999), deen zweete Film vum Andy Bausch iwwer de van Werveke, mat deem en zanter sengen éischten Experimentalfilmer op 8mm zesummeschafft. De Film ass entstanen als eng Zort 50.-Gebuertsdagshommage, mä och, well ufanks 2008 bekannt gouf, datt dem van Werveke säi Gesondheetszoustand ganz kritesch war. Hien ass knapps zwéi Méint no der Première gestuerwen.

Inthierryview krut beim 4. Lëtzebuerger Filmpräis 2009 de Publikumspräis.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Die vierte Ehrung der Filmschaffenden im Großherzogtum", journal.lu, 31.10.2009.
  2. Synopsis op ptd.lu Archivéiert op 2008-12-15. Gekuckt de(n) 2008-11-26.