Hôtel des Invalides

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Invalides)
D'Westfassad vum Hôtel des Invalides vum Eiffeltuerm aus gesinn

Den Hôtel des Invalides ass e Komplex vu Gebaier zu Paräis mat engem Heem fir Invaliden, enger Kathedral, enger Militärnekropol, Monumenter a Muséeën. E gëllt als Meeschterwierk vun der klassescher Architektur.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bild mat dem Hôtel des Invalides wärend der franséischer Revolutioun

Wéi seng Virgänger Henri IV.[1] a Louis XIII.[1] huet och de Kinnek Louis XIV. vu Frankräich sech gewënscht, sengen invaliden Zaldoten ze hëllefen. Hien huet de Bau vum Hôtel des Invalides 1670[1] duerch eng Ordonnance an Optrag ginn, fir den Invaliden aus senger Arméi en Doheem ze sécheren.

D'Invalides goufen am Dall vun der Grenelle ("Plaine de Grenelle") gebaut, wat deemools e Viruert vu Paräis war. D'Aarbechten un den Haaptgebaier goufe vum Staatssekretär Louvois un den Architekt Libéral Bruant weiderginn.[1] De Bruant huet sech fënnef Häff virgestallt, zentréiert ronderëm dee gréissten, déi sougenannt Cour royale. D'Aarbechte sinn am Mäerz 1671 ugaangen an hu bis an de Februar 1677 gedauert, wat fir déi Zäit séier war. Déi éischt Pensionnäre konnte schonn am Oktober 1674 eraplënneren.[1] Géint Enn vum 17. Joerhonnert hunn an den Invalides bis zu 4.000 Leit gewunnt.[2]

Am Hôtel des Invalides waren nieft den Zëmmer fir d'Pensionnairen och nach eng Kierch, eng Manufaktur fir Uniformen, eng Dréckerei, en Hospiz an e Militärspidol ënnerbruecht. D'Atelieren, déi am Ufank geplangt waren, goufe séier opginn, fir Plaz fir méi Kummeren ze maachen.

De 15. Juli 1804 koum et an der Kapell vun den Invalides zu der éischter Iwwerreechung vun der Légion d'honneur duerch den Napoleon fir seng Offizéier, dëst am Kader vun enger grousser offizieller Zeremonie.

Am Norde verlängert sech den Haff iwwer d'Limite vum Hôtel duerch eng grouss ëffentlech Esplanad wou een d'Ambassade vun Éisträich a Finnland an den Ausseministère fënnt. Um Enn vun der Esplanad kënnt ee bei der Seine un, iwwer déi een iwwer d'Bréck Alexandre III bei de Petit an de Grand Palais kënnt.

Den Doum an d'Kathedral[änneren | Quelltext änneren]

D'Kathedral (d'Zaldotekierch) vu bannen
Den Doum vun der Südsäit aus
De Sarkophag vum Napoleon am Invalidendoum

D'Kierch, déi de Bruant geplangt hat, hat dem Louis XIV. net gefall. 1676 huet de Kinnek dem Architekt Jules Hardouin-Mansart den Optrag ginn, d'Kierch Saint-Louis des Invalides ze bauen.[3] Et si bal 30 Joer un deem reliéise Gebai gebaut ginn.[3] Hien huet d'Kiercheschëff, dat scho gebaut war, duerch e beandrockenden Tuerm mat enger Kuppel verlängert. An deem Tuerm war deemools eng kinneklech Kapell, Église du Dôme genannt.[3] Iwwert de Chouer waren déi zwéin Deeler vum Gebai matenee verbonnen. Esou konnten de Kinnek an d'Pensionnaire vun den Invaliden, jiddwereen op senger Säit, un enger gemeinsamer Mass deelhuelen.[3][4] 1873 goufen déi zwou Partië mat enger Glasscheif vunenee getrennt, fir den Ënnerscheed méi däitlech ze maachen.[3][4]

Den Doum ass haut e militäresche Pantheon.

D'Kathedral Saint-Louis-des-Invalides[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch am Kiercheschëff ass haut d'Kathedral Saint-Louis-des-Invalides a gëtt och nach Église des soldats genannt.

Zanter 1967 ass et d'Kathedral vun der franséischer Arméi.

Den Doum[änneren | Quelltext änneren]

De Kuppelbau gëtt haut alternativ Dôme des Invalides, Église du Dôme oder Chapelle royale des Invalides genannt. Ursprénglech war do d'kinneklech Kappell. Haut huet d'Gebai keng reliéis Funktioun méi. De Bannendekor entsprécht deem vun der Zäit a weist op d'Gloire vum Kinnek Louis XIV, der Monarchie an hiren Arméien hin.[5]

Wärend der franséischer Revolutioun war den Doum e Mars-Tempel.[5]

Den Napoleon Bonaparte huet aus der fréierer Kapell e militäresche Pantheon gemaach.[5] Vir d'éischt sinn am Joer 1800 dem Marschall Turenne seng Iwwerreschter an de Doum verluecht ginn, 1808 dunn ass dem Vauban säin Häerz an e Mausoleum am Doum transferéiert ginn.

Dem Napoléon, deen 1821 gestuerwen ass, seng Iwwerreschter sinn de 15. Dezember 1840 ënner der Julimonarchie an den Doum bruecht ginn.[5] D'Männer un der Muecht hate versicht Partisane vum ale Keeser ze fannen; zu gläicher Zäit gouf och den Arc de triomphe de l'Étoile fäerdeggestallt. D'Äsche vum Napoléon goufen an e monumentale Sarkophage geluecht, deen an enger Krypta am Zentrum vun der fréierer kinneklecher Kapell steet. Och anere Personnage aus dem Premier Empire leien am Doum begruewen. Säi Jong François Bonaparte (och ënner den Nimm Napoléon II oder L'aiglon bekannt) gouf 1940 als Geschenk vum Adolf Hitler u Frankräich hei bäigesat.[6] De Joseph an de Jérôme Bonaparte, Bridder vum Keeser, goufe laanscht Säite vum Sarkophag vum Napoleon begruewen.[5] Ronderëm d'Graf vum Napoleon Bonaparte leien och d'Genereel Duroc a Bertrand.[5]

Donieft hunn d'Marschallen Foch a Lyautey aus der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert hiert d'Graf am Doum.[5]

Am Invalidendoum ginn haaptsächlech Membere vum franséische Militär begruewen. Perséinlechkeeten, déi sech an anere Beräicher vun der franséischer Geschicht verdéngt gemaach hunn ginn am Panthéon begruewen.

D'gëlle Kuppel vum Doum ass ee vun de groussen Unhaltspunkte vun der Paräisser Landschaft.[5]

D'Muséeën[änneren | Quelltext änneren]

Den Hôtel huet fréi eng museographesch Funktioun iwwerholl. 1777 ass d'Galerie royale des Plans en relief aus dem Louvre an d'Invalides geplënnert, wou si bis haut bliwwen ass.

1872 gouf en Artilleriesmusée ageriicht, vun deem d'Kanounen haut d'Häff an d'Promenade vum Palais dekoréieren. 1896 ass nach en historesche Waffemusée derbäikomm. 1905 goufen déi zwee zum Musée de l'armée zesummegeluecht.

Zanter dem Zweete Weltkrich, wou an den Invalides och e Resistenzreseau 1942 opgebaut gi war, sinn nach de Musée de l'Ordre de la Libération an de Musée d'histoire contemporaine derbäikomm.

Metro[änneren | Quelltext änneren]

D'Metrosstatiounen Invalides, La Tour-Maubourg a Varenne leie beim Hôtel des Invalides.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hôtel des Invalides – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 M. THIERY, Guide des amateurs et des étrangers voyageurs à Paris, tome II, Paris, Hardouin et Gattey, 1787, p. 609-610
  2. musee-armee.fr: L'hôtel national des Invalides (gekuckt de 4. Mee 2018)
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 musee-armee.fr: L'église royale (gekuckt de 4. Mee 2018)
  4. 4,0 4,1 musee-armee.fr: Cathédrale Saint-Louis des Invalides (gekuckt de 4. Mee 2018)
  5. 5,0 5,1 5,2 5,3 5,4 5,5 5,6 5,7 musee-armee.fr: Dôme des Invalides, tombeau de Napoléon Ier (gekuckt den 11. Mäerz 2018)
  6. tombes-sepultures.com: Église du Dôme des Invalides (gekuckt den 11. Mäerz 2018)