Io (Mythologie)

Vu Wikipedia
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Io war an der griichescher Mythologie d'Priesterin vun der Hera zu Argos, Duechter vum Inachos a vun der Melia.

Mythos[änneren | Quelltext änneren]

Well den Zeus sech an d'Io verléift hat, huet en s'an eng wäiss Kou verwandelt fir dem Hera senger Jalousie z'entgoen. D'Hera huet sech awer net ier féiere gelooss an huet d'Kou vum Zeus als Geschenk verlaangt a se vum Argos Panoptes bewaache gelooss. Wéi den Hermes d'Io befreit huet, huet d'Hera se vun enger grousser Beel verfollege gelooss, déi se duerch ganz Europa gehetzt huet. Eréischt an Egypten huet si hir mënschlech Gestalt erëm kritt an huet dem Zeus den Epaphos gebuer, dee spéider Kinnek vun Egypte gouf a Memphis gebaut huet.

Déi Plaz wou d'Io vun Europa an Asie komm ass, soll spéider no hir den Numm Bosporos (= lb: "Rannerfuurt") kritt hunn. Och d'Ionescht Mier ass no der Io benannt ginn.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Io (mythology) – Biller, Videoen oder Audiodateien