Ionesch Revolt

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Ionesch Revolt oder Ioneschen Opstand war en Opstand vun de klengasiateschen an zypriotesche Griiche géint d'Perser. Dësen Opstand war ëm 500/499 an gouf duerch d'Aktioune vum Aristagoras erbäigefouert. Den Opstand ass mat der Victoire vun de Perser an der Séischluecht vu Lade 494 v. Chr. op en Enn gaangen.

Virgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Ionier waren um Ufank vum 1. Joerdausend v. Chr., wéi och scho virdrun d'Äoler an d'Dorer, als Koloniste vum griichesche Festland aus agewandert, an hate vill Stied un der Westküst vu Klengasien gegrënnt. Si kruten duerch Séi- a Fernhandel vum Schwaarze Mier iwwer d'Ägäis bis an d'ëstlecht Mëttelmier an an Egypten wirtschaftleche Wuelstand a politesch Bedeitung. Schonn ëm 800 v. Chr. hu si den Ionesche Bond gegrënnt.

Crésus vum Claude Vignon (1629)

No enger kuerzer an doucer Uewerherrschaft ënner dem lydesche Kinnek Kroisos ëm 550 v. Chr. koum et schonn 574/546 v. Chr. zu der Zougehéieregkeet zum persesche Villvëlkerräich. Obscho si hu missen Tribut bezuelen konnten d'Stied sech awer eng gewëssen Onofhängegkeet a wirtschaftlech Selbststännegkeet sécheren. Hannergrond heifir waren d'persesch Grondsätz, de Gebidder vum Räich sou vill wéi méiglech Selbststännegkeet ze loossen, an net an d'kulturellt a reliéist Liewe vun de Vëlker anzegräifen. Déi persesch „Tyrannis“ huet sech agestallt, wéi an alle 20 Satrapien, als perséinlech-feudalt Verhältnes, nodeem de Satrap als Statthalter vu Persien lokal Adeleger gewielt huet, déi d'Muecht haten. Bis zu der Ionescher Revolt gouf dëst noutgedrongen akzeptéiert.

Viru 500 v. Chr. huet d'Persien sech wéineg ëm d'Griiche gekëmmert. Den totale Westhandel vum Räich louch an den Hänn vun de ionesche Stied - dofir waren all Griiche fir d'Perser „Yaunã“, eben „Ionier“. Eng Stad Athen oder d'Geographie vum griichesche Raum war hinnen iwwer eng laang Zäit komplett onbekannt. De Fokus vun der persescher Expansiounspolitik louch am Osten1. Déi wéineg Feldzich am Weste goufen als mëssgléckte Versich ugesinn, d'Räich an déi Richtung iwwer d'natierlech Grenzen eraus z'entwéckelen. Aus ionescher Siicht war de Schued vun dëse wéineg ambitionéierten Expeditiounen awer grouss, well déi wichteg Handelsverbindunge waren elo zerstéiert.

Ursaache vum Opstand[änneren | Quelltext änneren]

Laut dem Herodot2 ass d'Revolt vun den Ionier duerch e verongléckte Feldzuch an eng politesch Intrig zu Stane komm. Den Aristagoras, dee gerad eréischt vum persesche Grousskinnek als Tyrann vu Milet agesat gi war, hat den Artaphernes, Satrap vu Sardeis, zu engem Feldzuch géint Naxos iwwerried. Mä dës Expeditioun hat keen Erfolleg. Aus Angscht dofir Verantwortung missen ze droen, huet hie sech vum Grousskinnek lassgesot, a Leit gesicht, déi matgéife maachen. Hien huet dofir gesuergt, datt sech d'Ionier géint d'Perser erhuewen hunn, an d'Tyranne gestierzt hunn.

De griichesche Geschichtsschreiwer Herodot.

Eigentlechen Hannergrond war awer méiglecherweis och eng schwéier wirtschaftlech Kris vun den Handelsstied - zemol Milet war heivu besonnesch schwéier getraff. 525 v. Chr. waren d'Perser an Egypten amarschéiert. Den Handel mat Naukratis, dem eenzege griicheschen Emporion mam Privileg vum Pharao, hat opgehalen. Zanter dem Skythefeldzuch 513/512 v. Chr. hu persesch Besatzungen de Passage zum Schwaarze Mier, an de Kolonien déi do louche, blockéiert. Déi ganz Importatioun vu Gold, Sëlwer, Koffer, Eisen, Bläi, Zënn, Holz, Salz, Kar, Fësch an Déierenhäit ass ewechgebrach. Den nächste Coup koum 510 v. Chr., wéi Sybaris a Süditalien vun der Nopeschstad Kroton zerstéiert gouf, an domat och keen Handel am Weste méi méiglech war.

Ënner dëse Bedingungen huet sech d'bannepolitesch Stëmmung an den ionesche Stied verännert. D'Tyrannis gouf als onméiglech ugesinn - méiglecherweis d'Motiv fir den Aristagoras, fir séier d'Säiten ze wiesselen, an als Tyrann vu Milet ofzedanken. D'Aschränkunge vun der Polisautonomie huet awer nach ëmmer en empfindlechen Nerv vum griichesche Selwerversteestemech getraff. Elo awer gouf d'persesch Friemherrschaft zum zentrale Motiv vun der Revolt. Mat de Schlagwieder vun enger "ionescher Befreiung" a "Befreiung vun de Griichen" konnt een op e breede Konsens hoffen.

Verlaf vun der Revolt[änneren | Quelltext änneren]

D'Revolt huet sech wéi e Feier verbreet, an op d'Nopeschregiounen iwwergegraff. Iwwerall gouf de Stuerz vun der Friemherrschaft an d'Polisautonomie ausgeruff. Mä et goufe Problemer. Laut dem Herodot huet den Aristagoras versicht, Sparta an Athen zu enger Interventioun a Klengasien z'iwwerrieden. Hien huet iwwer d'"Versklavung" vun de Griiche geklot, an hinnen an Aussiicht gestallt, Asien ouni Problemer erueweren ze kënnen. Mä nëmmen d'Stied Athen an Eretria hu 499/98 v. Chr. kleng Flotte vun 20 bzw. 5 Schëffer lassgeschéckt, déi keng grouss Wierkung haten. 499 v. Chr. konnt zwar déi wichteg Stad Sardeis, Sëtz vum Satrap, ageholl ginn, mä um Réckmarsch goufen d'Rebelle scho vu perseschen Truppen erwaart a geschloen.

Och war et de Stied bei hire Berodungen um Ufank vun der Revolt net gelongen, den Ionesche Bond duerch d'Schafung vu Bundesinstitutioune fir politesch-militäresch Ausernanersetzunge prett ze maachen. Ausserdeem gouf et Skeptiker, wéi de Geograph Hekataios, deen unhand vun enger Weltkaart, déi hien zesummegestallt hat, ze weisen, wéi sënnlos e Krich géint dat grousst Perserräich wier. Elo huet d'Perserräich dann och mobiliséiert, a konnt 497 v. Chr. Zypern zréckerueweren. Ënner dësem Androck sinn nëmmen nach néng Poleis iwwreg bliwwen, déi Widderstand geleescht hunn. 494 v. Chr. gouf Milet no der Schluecht vu Lade eruewert an néiergebrannt. D'Ionier hu sech missen dem persesche Grousskinnek Dareios I. ënnerwerfen, deen d'Roll vun Athen am Konflikt net vergiess huet, a kuerz drop eng Strofexpeditioun géint d'Ënnerstëtzer vun de Rebellen, Athen an Eretria, geplangt huet.

Konsequenzen[änneren | Quelltext änneren]

Den Opstand vun de klengasiatesche Griiche géint d'persesch Herrschaft war ouni Zweiwel eng politesch Insubordinatioun, déi sou net konnt higeholl ginn. Zwéin Ëmstänn haten awer gréisser Folgen. Engersäits huet de Grousskinnek op kee Fall toleréiert, datt perseschen Territoire vun "Drëtten", de Griiche vum Festland, blesséiert gi war. Zum anere koum et bei der Revolt zu Sakrilegien, virun allem zu Sardeis. Och no griicheschem Versteestemech huet dëst e Recht ginn, sech ze rächen. An de Perserkricher, déi doropshin ausgebrach sinn, krut dat europäescht Griicheland d'Konsequenzen ze spieren.

A Klengasien allerdéngs hunn d'Perser sech ganz anescht verhalen. Den Dareios huet Fridden an Uerdnung bei de Vëlker vu sengem Räich gesicht. Hien huet Ionier op Sardeis geruff, a si zu géigesäitegen Allianze verflicht, fir d'Recht nees hirzestellen, an ze verhënneren datt d'Stied geplëmmt ginn. Verschidde Mëssstänn, déi zu der Revolt gefouert hunn, huet hien aus dem Wee raume gelooss, an huet och de Poliskonstitutiounen noginn, sou datt verschidde griichesch Stied nees zu hirer Demokratie konnten zréckgoen. Weiderhin huet hien duerch nei Kadasteropname fir eng méi gerecht Verdeelung vun de Steiere gesuergt, och wa sech un der Totalitéit vun der Zomm vum Tribut näischt geännert huet.

479 v. Chr. koum et zu engem neien Opstand an den ionesche Stied, a si si vun der persescher Herrschaft ofgefall. Virdrun hate sech d'Perser no verluerene Schluechte vu Marathon, Salamis a Plataiai aus Europa zréckgezunn, a konnten och an der Séischluecht bei Mykale, do, wou d'Bundeshellegtum vun den Ionier stoung, keng Victoire kréien, an hu sech aus Klengasien zréckgezunn. De Kalliasfridden 449/448 v. Chr. huet fir ronn 100 Joer en Ausgläich vun den Interessesphäre bruecht, wierklech op en Enn gaangen ass de griichesch-persesche Géigesaz awer eréischt mat der Eruewerung vu Persien duerch den Alexander de Groussen.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Karl-Wilhelm Welwei, Das klassische Athen. Demokratie und Machtpolitik im 5. und 4. Jahrhundert, Darmstadt, 1999.
  • Claude Orieux a Pauline Schmitt-Pantel, Histoire grecque, Paräis, 2002. (ISBN 2-13-046508-0)
  • Claude Mosse, Précis d'histoire grecque, Paräis, 1990.
  • Olivier Picard, Les Grecs devant la menace perse, Paräis, 1980.

Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

1: No der Eruewerung vu Babylonien si ganz Mesopotamien, duerno Syrien, Phenizien a Palestina un d'Perser gefall.
2: Herodot, 5.30ff

Discobolus icon.png Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antikitéit.