Irak
| Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| الجمهورية العراقية al-Dschumhūriyya al-Irāqiyya (arab.) |
|||||
|
|||||
| Offiziell Sprooch: | Arabesch - Kurdesch | ||||
| Haaptstad: | Bagdad | ||||
| Staatsform: | Republik | ||||
| Fläch: | 438.317 km² | ||||
| Bevëlkerung: | 26.074.906 (2005) | ||||
Den Irak ass e Staat am Weste vun Asien. E grenzt u Kuwait, Saudi-Arabien, Jordanien, Syrien, d'Tierkei, den Iran an de Persesche Golf an ëmfaasst dobäi dee gréissten Deel vun dem tëscht Euphrat an Tigris geleenen "Zweestroumland" Mesopotamien, an deem déi fréisten Héichkulturen am westlechen Deel vun Asien entstane sinn, souwéi Deeler vun den ugrenzende Bierg- a Wüstergioune. E gëtt zu de Maschrek-Staate gezielt.
Den Irak ass zënter dem Irakkrich 2003 ënnert militärescher Occupatioun duerch Truppe vun enger internationaler Koalitioun an ass fir de Moment nëmmen als deelsouverän ze betruechten. D'Zréckkommen zu gefestegte staatlechen Strukturen ass nach net duerchgehend verwierklecht.
[änneren] Geographie
[änneren] Populatioun a Relioun
Den Irak huet no eegenen Donnéeën ca. 26 Mio. Awunner. Déi zentral Provënze Bagdad a Babylon sinn am dichteste bewunnt. Ongeféier 75-80% vun der Populatioun sinn Araber, 15-20% si Kurden, an déi lescht 5% sinn ënnert anerem Turkmenen, Chaldo-Assyrer, Yeziden, Armenier a Sabäer.
Iwwer 97% vun der Populatioun ass muslimesch. Dovu si ronn 60% Schiiten a 35% Sunniten. E groussen Deel vun de Kurde sinn och sunnitesch. Da liewen am Irak nach schätzungsweis 50.000 bis 60.000 Yeziden. Nieft de béiden Haaptrichtunge vum Islam hu sech eng ganz Rei alorientalesch Reliounen erhal (Jesiden, Mandäer). Et gëtt Membere vum orientalesch-chrëschtleche Glawen:Chaldäesch-Kathoulesch Kierch, Assyresch Kierch aus dem Osten, Al-Apostoulesch Kierch aus dem Osten, Gregorianer, réimesch a syresch Katholiken, armenesch Chrëschten, Aalsyresch-Orthodox asw. (am Ganzen 2 % vun der Gesamtpopulatioun). Am Irak liewen ausserdeem nach no de Verdreiwungen a Massemorden ë.a. am Kader vun der "Anfal-Kampagne" nach schätzungsweis 2.500 Judden an am Südosten 20.000 - 50.000 Marsch-Araber.
[änneren] Geschicht
[änneren] 20. Joerhonnert
[änneren] Saddam Hussein
[änneren] Invasioun vun den USA an Alliéierten
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Irak – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Afghanistan - Armenien - Aserbaidschan - Bahrain - Bangladesch - Bhutan - Brunei - Taiwan - China - Demokratesch Volleksrepublik Korea - Georgien - Indien - Indonesien - Irak - Iran - Israel - Japan - Jemen - Jordanien - Kambodscha - Kasachstan - Katar - Kirgisistan - Kuwait - Laos - Libanon - Malaysia - Malediven - Mongolei - Myanmar - Nepal - Oman - Pakistan - Palästina - Philippinen - Republik Korea - Russland - Saudi-Arabien - Singapur - Sri Lanka - Syrien - Tadjikistan - Thailand - Timor-Leste - Turkmenistan - Tierkei - Usbekistan - Vereenegt Arabesch Emiraten - Vietnam - Zypern