Irregulär Galaxis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Irregulär Galaxien, d. h. onreegelméisseg Galaxien, hu weder Spiraläerm, wéi Spiralgalaxien, nach weise si eng elliptesch Form wéi elliptesch Galaxien op. Si loosse sech dofir net an d'Hubble-Sequenz areien, mä maachen eng Extraklass, déi mat Ir oder Im (engl.) ofgekierzt gëtt. Hinne feelt och e Galaxiëkär, an hunn dofir awer onreegelméisseg verdeelte kleng Verdichtungen. Si hunn och manner Mass (tëschent 700 Mio. an 130 Mrd. Sonnemassen[1]) an en däitlech méi klengt Gravitatiounspotential wéi regulär Galaxien.
Irregulär Galaxie sinn an der Moyenne méi liichtschwaach wéi regulär Galaxien an hu vill Gas, Stëbs a jonk Stären, déi och onreegelméisseg verdeelt sinn.
Déi bekanntste Vertrieder vun där Aart sinn déi zwou Magellanesch Wolleken
Inhaltsverzeechnes |
Kuckt och [änneren]
Literatur [änneren]
- Joachim Krautter et al.: Meyers Handbuch Weltall, 7. (nei opgemaachen) Oplo, ISBN 3-411-07757-3, S. 469, 470
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Irregular galaxies – Biller, Videoen oder Audiodateien |