Isabella Rossellini

Vu Wikipedia
Isabella Rossellini
Gebuer 18. Juni 1952
Roum
Nationalitéit Italien, USA, Schweden
Aktivitéit Mannequin, Filmregisseur, Autobiograph, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Dréibuchauteur
Famill
Bestuet mat Martin Scorsese
Liewenspartner(in) David Lynch, Gary Oldman, Daniel Toscan du Plantier
Papp Roberto Rossellini
Mamm Ingrid Bergman
Geschwëster Renzo Rossellini

D'Isabella Fiorella Elettra Giovanna Rossellini, gebuer den 18. Juni 1952 zu Roum, ass eng italieenesch Schauspillerin.

Si ass d'Duechter vun der Schauspillerin Ingrid Bergman an dem Regisseur Roberto Rossellini. Si huet ufanks als Moud-Designerin a Journalistin, virun allem zu New York, geschafft.

Vun 1982 bis 1993 war si Mannequin fir d'Kosmetikfirma Lancôme. Hir éischt Filmroll hat se 1976 am Vincente Minnelli sengem A Matter Of Time. Duerno huet se a Filmer ë. a. vum Norman Mailer, Robert Zemeckis, Joel Schumacher, John Schlesinger, Peter Weir, Abel Ferrara a Peter Greenaway, matgespillt. Bekannt gouf se besonnesch duerch dem David Lynch seng Filmer Blue Velvet a Wild at Heart.

Si war vun 1979 bis 1983 mam Regisseur Martin Scorsese bestuet, méi spéit mam Manequin Jonathan Wiedemann, an hat méi laang Relatioune mam David Lynch a mam Gary Oldman.

Zanter den 2000er Jore schafft si och als Regisseurin; hiren éischte Film, Green Porno (2008) besteet aus aacht Episoden a weist, an engem comic-hafte Stil, d'Sexualliewe vu Reewierm, Libellen, Schleeken, Beien oder Gottesanbeterinnen. Si spillt dodran och dat eent oder anert Déierchen.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1976: A Matter of Time
  • 1979: Il prato, Regie: Paolo a Vittorio Taviani
  • 1980: Il pap’occhio
  • 1985: White Nights
  • 1986: Blue Velvet, Regie: David Lynch
  • 1987: Siesta, Regie: Mary Lambert
  • 1987: Harte Männer tanzen nicht
  • 1989: Red Riding Hood, Regie: Adam Brooks
  • 1989: Cousins, Regie: Joel Schumacher
  • 1990: Wild at Heart, Regie: David Lynch
  • 1990: Dames galantes, Regie: Jean-Charles Tacchella
  • 1991: Lies of the Twins
  • 1992: Death Becomes Her Regie: Robert Zemeckis
  • 1993: Fearless Regie: Peter Weir
  • 1993: The Innocent Regie: John Schlesinger
  • 1994: Wyatt Earp, Regie: Lawrence Kasdan
  • 1994: Immortal Beloved, Regie: Bernard Rose
  • 1996: Das Verbrechen des Jahrhunderts
  • 1996: Big Night
  • 1996: The Funeral, Regie: Abel Ferrara
  • 1997: Die Abenteuer des Odysseus
  • 1998: Kalmans Geheimnis
  • 1998: Merlin
  • 2000: Don Quixote (TV-Film)
  • 2002: Empire
  • 2002: Napoléon
  • 2002: Roger Dodger
  • 2003: The Saddest Music in the World, Regie: Guy Maddin
  • 2004-2005: Alias
  • 2004: Legend of Earthsea
  • 2005: La Fiesta Del Chivo
  • 2006: Infamous
  • 2008: Green Porno
  • 2008: The Accidental Husband
  • 2008: Infected
  • 2008: Two Lovers
  • 2009: Das Phantom
  • 2010: Seduce Me
  • 2010: La solitude des nombres primaires
  • 2011: Late Bloomers
  • 2011: Keyhole, Regie: Guy Maddin
  • 2011: Poulet aux Prunes
  • 2013: Mammas
  • 2013: Enemy - Regie: Denis Villeneuve

Publikationen[änneren | Quelltext änneren]

  • Isabella Rosselini: Some of me. Autobiographesch Fotodokumentatioun, däitsch bei Schirmer/Mosel, München 1997, ISBN 3-88814-898-7
  • Isabella Rosselini: looking at me - über bilder und photographen. Autobiographesch Fotodokumentatioun, däitsch bei Schirmer/Mosel, München 2002, ISBN 3-88814-609-7
  • Isabella Rosselini & Lothar Schirmer: Ingrid Bergman. Ein Leben in Bildern, Schirmer/Mosel, München, ISBN 3829606486

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gero von Boehm: Isabella Rossellini. 7. September 2003. Interview in: Begegnungen. Menschenbilder aus drei Jahrzehnten. Collection Rolf Heyne, München 2012, ISBN 978-3-89910-443-1, S.316-328

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Isabella Rossellini – Biller, Videoen oder Audiodateien