Isidis Planitia

Vu Wikipedia
Isidis Planitia
Topographie vum MOLA Instrument vum Mars Global Surveyor
Eegenschaften
Regioun Déiffläch Isidis Planitia
Breet 13.94
Längt 88.38
Duerchmiesser 1225
Alter ronn 3,9 Mrd.
Genannt no der egyptescher Gëttin Isis

Isidis Planitia ass eng kreesfërmeg Déiffläch op der südlecher Hemisphär vum Planéit Mars. Isidis Planitia ass nom Hellas Planitia a virun dem Argyre Planitia dat zweetgréisst Aschlagbecken um Mars.

Et war geplangt d'Landeeenheet vun der Mars-Express-Missioun vun der Europäescher Weltraumorganisatioun (ESA) Beagle 2 de 25. Dezember 2003 hei (10.6°N, 270°W) landen ze loossen, wat awer feelgeschloe war.

Den Numm "Isidis Planitia" kënnt vum fréieren Numm Isidis Regio ("Regioun Isis"). Isis ass déi egyptesch Gëttin vum Himmel a vun der Fruuchtbarkeet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Isidis Planitia – Biller, Videoen oder Audiodateien