Isobutan
| Isobutan | |
|---|---|
| Systemateschen Numm (IUPAC) | 2-Methylpropan |
| Trivialen Numm | Isobutan |
| Chemesch Formel | C4H10 |
| Ausgesinn | duerchsiichtege Gas |
| Eegeschaften | |
| Dicht | 2.51 kg/m3 |
| Léislechkeet | net léislech (am Waasser) |
| Molmass | 58,08 g/mol |
| Schmëlzpunkt | -159.6 °C |
| Kachpunkt | -11.7 °C |
| Thermodynamesch Daten | |
| Standard Formatiounsenthalpie
|
–134.2 KJ·mol−1 |
| Standardentropie
|
249.7 J·K−1·mol−1 |
| Verbrennungsenthalpie
|
–2869 KJ·mol−1 |
| Weideres | |
| Ähnlech Molekülen | Pentan Butan |
| Chemesch Famill | Alkanen |
Isobutan oder 2-Methylpropan ass e ramiféierte Kuelewaasserstoff, deen zu den Alkane gehéiert. E gehéiert och nach zu der Famill vun de Butanen. Déi besteet aus zwéin Isomeren, dem n-Butan an dem Isobutan.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Physikalesch Eegeschaften
Isobutan huet keng Faarf a kee Geroch. En ass ganz liicht ze verflëssegen wéinst sengem héije Kachpunkt. E gëtt dofir mat wéineg Drock ënnert flësseger Form a Gasfläschen transportéiert.
[änneren] Chemesch Eegeschaften
Isobutan brennt un der Loft. Mam Sauerstoff gemëscht ass en explosiv. Bei der Verbrennung entsteet Kuelendioxid a Waasser.
Mat den Halogenen Chlor a Brom forméiert den Isobutan Substitutiounsproduiten.
[änneren] Virkommen
Isobutan kënnt am Äerdgas an am Pëtrol vir. Doniewent entsteet en an de Pëtrolsraffinerien a beim Cracking.
[änneren] Uwendung
Isobutan ass ee vun den Haaptbestanddeeler vum Flësseggas. E gëtt an Drockfläsche gelagert a mam Butan gemëscht als Brennes genotzt. Gasfläsche mat Isobutan sollen op kille Plazen lageren a vu liichtentzündlechem Material ewechbleiwen. An der Chimie gëtt Isobutan geholl fir Alkylatbenzin hierzestellen.
[änneren] Auswierkungen op d'Gesondheet
A groussen Dose wierkt Isobutan narkotesch.
[änneren] Literatur
- Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul
