Isopentan
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Isopentan | |
|---|---|
| Systemateschen Numm (IUPAC) | 2-Methylbutan |
| Trivialen Numm | Isopentan, Methylbutan |
| Chemesch Formel | C5H12 |
| Ausgesinn / Geroch | faarflos Flëssegkeet mat engem Geroch no Bensin |
| Eegeschaften | |
| Dicht | 0,616 g/cm3 |
| Léislechkeet | 48 mg/l bei 20 °C am Waasser |
| Agregatzoustand | flësseg |
| Molmass | 72,15 g/mol |
| Schmëlzpunkt | 159,9 °C |
| Kachpunkt | 27,7 °C |
| Dampdrock | 761 hPa (20 °C) |
| Thermodynamesch Daten | |
| Standard Formatiounsenthalpie
|
−179 KJ·mol−1 |
| Standardentropie
|
260,7 J·K−1·mol−1 |
| Verbrennungsenthalpie
|
−3504 KJ·mol−1 |
| Weideres | |
| Ähnlech Molekülen | n-Pentan Neopentan Hexan |
| Chemesch Famill | Alkanen |
Isopentan oder 2-Methylbutan ass en aliphatesche Kuelewaasserstoff, deen zu der Famill vun den Alkane gehéiert. En ass ee vun deenen dräi Isomeren aus der Grupp vun de Pentanen, déi nach aus n-Pentan a Neopentan besteet.
Inhaltsverzeechnes |
Physikalesch Eegeschaften [änneren]
Isopentan ass eng Flëssegkeet ouni Faarf a richt ähnlech wéi Bensin.
Chemesch Eegeschaften [änneren]
Isopentan ass liicht brennbar a verbrennt mat Sauerstoff zu Kuelendioxid a Waasser.
Virkommen [änneren]
Isopentan kënnt am Äerdgas an am Pëtrol vir an entsteet beim Cracking
Uwendung [änneren]
Isopentan ass e Bestanddeel vu Bensin mat héijer Oktanzuel. E gëtt och als Léisungsmëttel fir Ueleger a Fetter gebraucht an zur Produktioun vun Isopren an Insektiziden.
