Israelitesche Consistoire

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Israelitesche Consistoire (Consistoire central israélite) gouf am Joer 1808 vum Napoléon Bonaparte als Organisatioun vun der jiddescher Konfessioun am deemolege Frankräich geschaf.

Den Israelitesche Consistoire vu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Duerch déi politesch Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg am Joer 1839 gëtt och de culte israélite onofhängeg vum deemolge Rabbinat vun Tréier. Duerch e ministerielle Beschloss gouf den Israelitesche Consistoire vu Lëtzebuerg gegrënnt mat als President de Pinchas Godechaux, a mat engem Rabbiner an zwéin Tresorieren, den Abraham Cahen an de Samuel Nathan.

Dës Institutioun huet bis haut als Aufgab déi jiddesch Gemeinschaft an den Israelitesche Kult ze verwalten. Duerch d'Gesetz vum 10. Juli 1998 ass den Isaraelitesche Consistoire vu Lëtzebuerg als personne juridique de droit public unerkannt[1]. De Consistoire huet säi Setz an der Stad op 45 an der Avenue Monterey.

Aner jiddesch Veräiner an Organisatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Ausser dem Consistoire gëtt et eng ganz Rei aner Gruppéierungen an Organisatiounen. Dozou gehéiert zum Beispill d'Scoutstrupp EEIL. Déi Ofkierzung steet fir Eclaireuses Eclaireurs Israélites au Luxembourg. Dobäi handelt et sech ëm eng Trupp, déi 2010 gegrënnt gouf an Aktivitéiten - vu Spillnomëtteger bis Campe mat "verbridderten" Guiden a Scouten aus Frankräich- ubitt, fir Kanner vu 6 bis 18 Joer.

Donieft gëtt et awer och eng ganz Rei aner Associatiounen. Sou zum Beispill B'nai B'rith, déi 1843 gegrënnt gouf an ursprénglech jiddeschen Immigranten an Amerika zur Säit sollt stoen. Sou ass eng vun deenen éischte karitativen an solidareschen Hëllefsorganisatiounen entstanen. Hir Ziler sinn et bis haut sech géint Antisemitismus a Rassismus, a fir Fräiheet, Demokratie an d'Mënscherechter anzesetzen. Donieft mécht si sech fir d'Ënnerstëtzung vu Konscht, Kultur a Wëssenschafte staark. E weidere Punkt, deen si sech op de Fändel geschriwwen huet, ass d'Verdeedege vun der Existenz vum Staat Israel.

Eng aner Associatioun ass d'Chewrah Kaddisha, där hiren Ursprong net genee bekannt ass, mä déi wahrscheinlech schonn am 16. Joerhonnert gegrënnt gouf. Dobäi handelt et sech ëm eng Grupp, déi sech nom Doud vun engem Member vun der jiddescher Communautéit drëms këmmert, datt de Verstuerwenen no de reliéisen a moralesche Virschrëfte behandelt gëtt. Dat ëmfaasst souwuel Wäschen, Undoen, wéi och déi entspriechend Gebieder. Fréier huet sech d'Chewrah och ëm d'Wuecht beim Doudege gekëmmert, wa keng Famill méi do war, fir déi Charge z'iwwerhuelen.

Den 1991 gegrënnte Comité Auschwitz setzt sech zanter senger Grënnung géint d'Vergiessen (haaptsächlech vun den Dote vum Zweete Weltkrich), Rassismus, Antisemitismus an Xenophobie an. Fir dës Ziler z'erreechen organiséiert en zum Beispill Konferenzen an Ausstellungen an ass donieft awer och a pedagogesche Projeten engagéiert.

Och eng Crèche, de Gan (Gard op hebräesch) Raphaël gëtt et. Dës 2007 vun der Ministesch Marie-Josée Jacobs ageweit Crèche ass fir Kanner am Alter vun 0 bis 4 Joer. Si erlaabt et den Elteren, haaptsächlech jiddeschen, hire Kanner e koschere Kascht ze bidden.   E weideren Deel hëlt d'Groupe des 35 an. Dobäi handelt et sech ëm eng 1978, zesumme mat der entspriechender englescher Gruppéierung, gegrënnten Initiative. An dem Joer hu sech 35 35-järeg Jiddinnen zu London virun enger Ambassade ugekett an hu manifestéiert, fir enger anerer 35 Joer aler Jiddin, déi wéinst hirem Glawen agespaart war, de Kontakt zu hirer Famill z'erméiglechen. Aus där Aktioun ass eng Grupp entstanen, déi sech fir jiddesch Matbridder an Nout, dorënner an der UdSSR an duerno an der Ex-UDSSR, asetzt. Well do och haut nach Judde Schwieregkeeten hunn, hire Glawen ze liewen an an Aarmut liewen, engagéiert sech d'Groupe des 35 fir mat hiren Aktiounen der materieller Nout entgéint ze wierken.

D'Initiative Keren Kayemeth Leisraël setzt sech säit 1901 fir "d'Remise en Valeur" vu Lännereien an Israel an. Sou planzen si zum Beispill 4 Millioune Beem d'Joer, setzen Infrastrukturen a Stand a baue Stroossen duerch biergesch a wüstenähnlech Regiounen, Parken, Waasserreservoiren a Staudämm fir d'Waasserversuergung ze verbesseren.

D'Haaptzil vum Chabad Lubavitch Zentrum an der Stad ass et, souwuel de Judde vu Lëtzebuerg, wéi awer och israeliteschen Touristen eng Plaz ze bidden, wou si sech an engem häerzleche Kader kennen austauschen. Donieft gëtt et och eng Offer, déi sech un all Interesséiert, onofhängeg vun der reliéiser Iwwerzeegung, riicht. Heibäi ginn déi verschiddenst Coursen ugebueden, wou sech zum Beispill mat jiddescher Bildung beschäftegt gëtt. Hëllef an Ënnerstëtzung bei all méigleche Froen, déi sech rondrëm dat jiddescht Liewe stellen, ginn ugebueden. Dirigéiert gëtt des Initiative vun der Famill Edelmann.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]