Istanbul (Film 1985)

Vu Wikipedia
Istanbul
Film
Produktiounsland Belsch
Première 1985
Dauer 91 min
Format 35mm
Originalsprooch Hollännesch
Englesch
Franséisch
Ekipp
Regie Marc Didden
Dréibuch Marc Didden
Fotografie Willy Stassen
Musek Eric Andersen
Schnëtt Ludo Troch
Produzent Alain Keytsman
Erwin Provoost
Schauspiller
Brad Dourif als Martin Klamski
Dominique Deruddere als Willy
Ingrid De Vos als Beatrice
Senne Rouffaer als Albert
François Beukelaers als Joseph
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Istanbul ass e Film vum belsche Filmregisseur Marc Didden aus dem Joer 1985.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Martin Klamski ass e staatelosen Refugié um Wee fir op Istanbul. Direkt no senger Arrivée zu Oostend begéint hien de Student Willy an engem Café. Zesummen entschléisse si sech mat Autostopp zesummen op Istanbul ze goen. Op hirer Rees duerch d'Belsch gi si Frënn, mee déi Frëndschaft gëtt op d'Kopp geheit wéi de Willy en Zeitungsartikel a sou dem Klamski seng reell Identitéit entdeckt. Um Wee begéine si dem Joseph, engem komeschen an trauregen Autosverkeefer, dee vu senger Fra verlooss gouf. Si huet hir gemeinsam Duechter Corinne matgeholl, an de Klamski an de Willy kidnappen d'Kand a bréngen et am Optrag vum Papp op Lëtzebuerg. Fir déi Dot kréie si d'Suen, mat deene si op Istanbul ginn.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Presentatioun vum Film op eyeworksfilm.be