Ivan Basso
Den Ivan Basso, gebuer de 26. November 1977 zu Gallarate an der Provënz Varese, ass en italienesche professionelle Vëlossportler.
Hien ass vu klengem u vum Vëlo begeeschtert a mécht sech eleng op de Wee op de Stelvio Pass, dee Bierg, deen no bei dem Vakanzhaus vun der Famill Basso läit.
Mat siwe Joer fiert hie seng éischt Course bis hien 1998 am hollännesche Valkenburg um Kauberg U23 Weltmeeschter gëtt. Hie wiesselt net direkt bei d'Profien, mä hie bleift bis de Mee 1999 U23, bis hien da bei "Amica Chips" als Neo-Profi an en Team kënnt. Hie weist e puer gutt Leeschtungen 1999 beim Giro, awer hie fiert en net zu Enn.
No der Saison 2000 bei "Riso Scotto" wiesselt en an d'éischt Divisioun bei d'italienesch Formatioun "Fassa Bortolo", wou hien an der Mëttelmier-Rondfahrt déi 3. Etapp gewënnt, iren no enger Chute opgi muss.
Palmarès [änneren]
- 1998
- Weltmeeschter op der Strooss, U 23
- 2002
- Beschte Jonke Profi am Tour de France
- 2003
- 7. am Generalklassement vum Tour de France
- 2004
- 1 Etappegewënn an 3. am Generalklassement am Tour de France
- Giro dell'Emilia
- 2005
- 2. am Generalklassement am Tour de France
- 2 Etappegewënn am Giro d'Italia
- Tour vun Dänemark: 1. am Generalklassement an a 4 Etappen
- 2006
- Critérium international de la route: 1. am Generalklassement an an enger Etapp
- Giro d'Italia: 1. am Generalklassement a Gewënner vun 3 Etappen.
- 2009
- Giro del Trentino: 1. am Generalklassement
- 2010
Equippen [änneren]
- 2000: Amica Chips
- 2001 - 2003: Fassa Bortolo
- 2004 - 2006: CSC-Tiscali
- 2007: Discovery Channel
- 2009: Liquigas
De 24. Abrëll 2007 gouf hie vun der Equipe "Discovery Channel" suspendéiert well hien an den Dopingskandal Fuentes verwéckelt soll sinn.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Ivan Basso – Biller, Videoen oder Audiodateien |