Iveta Radičová
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Iveta Radičová, gebuer Karafiátová de 7. Dezember 1956 zu Bratislava, ass eng slowakesch Politikerin. Si ass Vizepresidentin vun hirer Partei, der SDKÚ-DS, an zënter dem 8. Juli 2010 Premièreministesch vun der Regierung vun hirem Land.
D'Iveta Radičová huet en Doktorat a Soziologie. Si huet am akademesche Beräich geschafft a gouf Direktesch vun enger Fuerschungsstëftung. 2005 gouf se Ministesch fir Aarbecht, Famill a Soziales an der Regierung vum Mikuláš Dzurinda. 2009 hat si fir d'Amt vum Staatspresident kandidéiert, huet awer am zweeten Tour verluer.
[änneren] Um Spaweck
- (sk) Der Iveta Radičová hiren Internetsite
- (sk) (en) D'Slowakesch Regierung
| Commons: Iveta Radičová – Biller, Videoen oder Audiodateien |