Iwwerlaaschtung (Schach)

Vu Wikipedia

Vun enger Iwwerlaaschtung schwätzt een am Schach, wann e Steen net gläichzäiteg zwou Deckungsaufgabe bewältege kann. Doraus entstinn dacks Kombinatiounsmotiver.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Diagramm 1
abcdefgh
8
f8 black queen
h8 black king
e6 black bishop
f3 white knight
h3 white pawn
f2 white pawn
g2 white pawn
g1 white king
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Schwaarz um Zuch

Am Diagramm 1 deckt de wäisse Bauer op g2 de Sprénger op f3 an de Bauer op h3.

No 1.... Lxh3 2. gxh3 hëlt sech Schwaarz déi geaffert Figur duerch 2.... Dxf3 nees zeréck. De wäisse Bauer op g2 war iwwerlaascht.

Diagramm 2
abcdefgh
8
c8 black queen
g8 black king
c7 black rook
f7 black pawn
g7 black pawn
h7 black pawn
g3 white queen
h3 white pawn
f2 white pawn
g2 white pawn
e1 white rook
g1 white king
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
Wäiss um Zuch

Am Diagramm 2 deckt déi schwaarz Damm d'Mattfeld e8 an den Tuerm op c7.

No 1. Dxc7 verbidd sech 1.... Dxc7 wéinst 2. Te8#. Déi schwaarz Damm ass iwwerlaascht.

Krasenkow - Karpow
Wijk aan Zee, 2003
abcdefgh
8
e8 white bishop
g8 black king
a7 black pawn
f7 black pawn
g7 black pawn
b6 black pawn
f6 black queen
g6 black knight
h6 black pawn
c5 black bishop
d5 white rook
a4 white queen
f3 white pawn
g3 white pawn
e2 black rook
h2 white pawn
f1 white rook
h1 white king
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh
29....Te1!

Vun dëser Stellung aus, aus enger Partie Krasenkow - Karpow, huet de Karpow (Schwaarz) 29.... Te1! gespillt.

De wäissen Tuerm op f1 muss elo de Bauer op f3 decken (Schwaarz dreet 30.... Dxf3#), gläichzäiteg awer de Kinnek virun dem schwaarzen Tuerm op e1 ofschiermen. Mat dëser Duebelaufgab ass de wäissen Tuerm iwwerfuerdert. Dofir huet de Krasenkow d'Partie op dësem Punkt opginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]