Jéiner

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Jéiner am Mëttelalter, Kofferstéch aus dem 15. Joerhonnert

D'Jéiner oder d'Jéinesch sinn en eegestännegt Vollek mat eegener Sprooch, Kultur a Geschicht, déi haaptsächlech an Däitschland (Jenische), der Schwäiz (Fecker, Kessler, Spengler), Éisträich (Karrner, Dörcher, Laninger) a Frankräich (yéniche), awer och zu Lëtzebuerg, an der Belsch, an Holland, Italien, England (Yenish) a vereenzelt an anere Länner liewen. Si ginn dacks mat de Roma verwiesselt. Hir Originne sinn net kloer. Verschidden Deeler vun der jéinescher Sprooch weisen op eng ganz laang Geschicht hin. Eng wäitverbreet Theorie deit drophin, datt d'Jéiner eng Volleksgrupp mat eegener Sprooch sinn, déi während de Bauerekricher (1520 - 1525) aus der Schwäiz ausgewandert sinn. Wahrscheinlech geet hir Geschicht méi wäit zréck.

Wéi gesot, et ass net kloer vu wou datt d'Jéiner stamen an et bestinn op d'mannst 5 verschidden Theorien:

  • D'Jéiner hätte sech am Laf vum Drëssegjärege Krich aus Randgruppen zesummefonnt.
  • Si wieren eng Splittergrupp aus Verbindunge vu Roma a Sinti.
  • Si wieren d'Nokomme vun de kelteschen Helvetier, déi och Nomade waren.
  • Si wieren Nokommen aus dem Stamm vun de wäissen Zigeiner aus Nordwestindien
  • Et gëtt ugeholl datt d'Jéiner aus dem héijen Norde stamen a sech lues a lues iwwer ganz Europa verdeelt hunn. Vill haiteg Jéiner hate Grousselteren déi z. B. an Dänemark gebuer goufen.

Onkloer ass och de Begrëff jéinesch. E staamt vläicht vum indogermaneschen "Janah" of, wat der Eingeweihte bedeit. Déi meescht Jéiner iwwersetzen et mat "gescheit, schlau, wëssend".

Deelweis gi se als wäiss Zigeiner ugesinn well se, am Géigesaz zu de Roma, eng hell Hautfaarf hunn. Datt et iwwerhaapt zu engem Vergläich mat de Roma koum, läit dorun datt d'Jéiner, als Randgrupp vun der Gesellschaft, dacks déiselwecht Beruffer (Schéierschlëffer, Kierfmécher, Hauséirer, Schrott- an Antiquitéitenhändler an Artisten) haten an datt se Nomaden waren. Haut sinn déi meescht Jéiner an Europa hallef oder ganz sesshaft. An der Schwäiz gëtt et 50.000 Jéiner, wouvun der 3.500 ëmmer op der "Rees" sinn (sans domicile fixe). An Däitschland liewen 200.000 Jéiner, (déi meescht a Bayern, Saarland a Baden-Württemberg), 29.000 dovu sinn net sesshaft. An Éisträich (haaptsächlech am Mühlviertel, Waldviertel an am Burgenland) ginn der 35.000 geschat, 3.500 als ganzjährig ënnerwee. Fir Lëtzebuerg an déi aner europäesch Länner leie keng Donnéeë vir.

Obschonn datt d'Rassentheoretiker vum Nationalsozialismus behaapt hunn, d'Jéiner wieren ethnesch net Famill mat de Roma an de Sinti, sinn se als Zigeunermischlinge an Asozialer verfollegt, a Konzentratiounslageren deportéiert an dacks ermuert ginn.

Virun allem an der Schwäiz ass d'Geschicht vun de Jéiner e vill diskutéiert Thema. Schliisslech sinn hei am Zäitraum vu den 1920er bis 1970er Jore jéinesch Kanner (~ 1.000) zwangsweis vun den Eltere getrennt an an Anstalten oder bei Fleegefamillen ënnerbruecht ginn fir d'Jéinescht ze bekämpfen a se am Sënn vum Staat ze disziplinéieren (Stëftung Pro Juventute oder Hilfswerk für die Kinder der Landstrasse). Vill Jéiner sinn souguer zwangssteriliséiert ginn. D'jéinesch Schrëftstellerin Mariella Mehr huet e puer Bicher zu deem Thema geschriwwen.

Haut gëllen d'Jéiner an der Schwäiz als national Minoritéit an an Éisträich als Volleksgrupp. Ähnlech Gruppe gëtt et och an anere Länner, wéi z. B. d'Quinqui a Spuenien, déi ethnesch mat de Jéiner Famill sinn an d'Tinker an Irland, déi hinne soziologesch gläichen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jéiner – Biller, Videoen oder Audiodateien