Jéinesch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, Sich

Jéinesch (language code: YEC), och Lakersprooch oder Lakerschmus, fréier och alt pejorativ "Geheimsprooch" genannt, war d'Sprooch vun de Jéiner.

Zu Lëtzebuerg gouf si bis ufanks vum 20. Joerhonnert vun den Händlerfamille geschwat déi meeschtens zu Weimeschkierch an am Pafendall (Stad Lëtzebuerg) an awer och zu Esch-Uelzecht, Ettelbréck Bolgesteen an am Heischtergronn gewunnt hunn an uechtert d'Land gezu si fir Kreemchen (Parzeläin, Bitzgeschir asw.) géint Lompen an aalt Eisen ze tauschen. Den Ausdrock Lakerten kënnt vun de Lompekréimer, déi sech selwer esou genannt hunn (Laken=Lompen, Dicher). Dës Famille kënnen allgemeng de Jéiner zougerechent ginn, déi a ganz Europa doheem waren, sou och an Holland (Tränteler), Däitschland, Schwäiz, Éisträich a Frankräich bis hinn an England an an Irland.

Jéinesch ass eng eegenstänneg Sprooch déi keltesch/indoeuropäesch Wuerzelen huet a vill Elementer vun Däitsch, westyiddesch, Romani a Routwelsch matenee verbënnt, woubäi déi ofwiesselnd géigesäiteg Aflëss net kloer sinn.

Jéinesch ass deemno eng Zort Argot, deen awer zu Eech méi oder wéineger och vun den Net-Jéiner verstane gouf a wouvunner bestëmmte Wierder, wéi beim Argot vun anere Sproochen och, et iwwert Jugend- an Zeenesprooch an den allgemenge Vocabulaire "gepackt" hunn. Dat sougenannte Weimerskiercher Lakerschmus ass eng regional Variant vum Jéineschen.

D'Lëtzebuerger Jéinesch hat sech awer mat der Zäit gréisstendeels de Flektiounen a Lauter vum Lëtzebuergeschen ugepasst.

Mam Verschwanne vun den Hauséierberuffer an der Verbesserung vun de Liewenskonditiounen ass d'Jéinesch esougutt ewéi a Vergiessenheet geroden. Haut ginn et awer Initiativen vun deene Jéineschen, dei zu Lëtzebuerg 3200 Bierger ausmaachen, hir Kultur an Sprooch ze fleegen. Dozou gehéiert de "Jéinesche Bond Lëtzebuerg" dee Member vum Jenischer Bund in Deutschland und Europa. e.V ass. Eng aner Initiativ ass d'Gemeinschaft "Kochemer Loschen" dei ënner anerem vum Oliver Kayser matgegrënnt gouf, engem jéinesche Muséker an Konschtschaafenden. Verschidde Wierder sinn awer haut an der allgemenger Ëmgangssprooch ze fannen, déi bekannst si sécherlech:

  • Moss fir Fra oder Mamm,
  • Schécks fir Meedchen,
  • Knëff fir e Kärel, e staarke Jong,
  • Klont fir eng Houer
  • Qwinn fir Hond a Quinnert oder Quinnchen fir e klengen Hond,
  • Jempi oder Zankert [1] fir e Gendaarm,
  • kuff d'Schmull fir hal de Mond.

[änneren] Literatur

  • Joseph Tockert: Das Weimerskircher Jenisch, auch Lakersprache oder Lakerschmus genannt. Eine Händlergeheimsprache. Editions Emile Borschette 1989, 48 S. [1] (fir d'éischt erauskomm an de Vierteljahresblätter für luxemburgische Sprachwissenschaft, Volks- und Ortsnamenkunde 12-13 (1937/1938), dono, a revidéierter Form, an de Cahiers luxembourgeois 1949. Ee Reprint vun der Editioun vun 1989 ass 2003 bei den Editions Schortgen, Esch-Uelzecht, erauskomm).
  • Fränz Conrad: "Nekrolog oder Revival? E puer Iwwerleeungen zum Jéineschen." In: forum Nr.314, Januar 2012, S.10-12.

[änneren] Referenzen

  1. Vgl. Kee Fall fir den Zankert : E Krimi an 3 Akten fräi aus dem Engleschen iwerdroen vum Romain Goerend. 1982. BNL

[änneren] Kuckt och

Perséinlech Tools
Nummraim
Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
Aner Sproochen