Jérôme Bigard
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jérôme Bigard, gebuer de 16. Februar 1985, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]
Tëschent dem 7. Februar an dem 12. September 2007 huet de Jérôme Bigard aachtmol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gespillt.[2]
Hien huet vun 2002 bis 2005 bäi der Union Lëtzebuerg gespillt a war duerno bis 2006 bei deem neie Veräin Racing FC Union Lëtzebuerg. Vun 2006 bis 2009 war hie bäi F91 Diddeleng an ass duerno nees zréck bäi de Racing FC Union Lëtzebuerg gaang. No enger Saison ass hien 2010 bäi den FC UNA Stroossen gewiesselt.[3]