Jérôme Lulling

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Jérôme Lulling
De Jérôme Lulling vum Projet CORTINA (2001)

De Jérôme Lulling, gebuer zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Linguist.

No Primärschoul zu Bieles a Lycée zu Esch huet hien zu Montpellier Linguistik studéiert an 2002 mat engem Doktorat iwwer déi lexikalesch Kreativitéit an der Lëtzebuerger Sprooch ofgeschloss. Schonns an den 1990er huet hie probéiert, déi Lëtzebuerger Sprooch ze informatiséieren.

SAR Grand Duc Henri mam Jérôme Lulling (Universitéit Namouer 2007)

Hien ass Enseignant fir d'Lëtzebuergescht op den Universitéiten Tréier (2000-2006) an Namouer (2004- ) a fir d'Stad Lëtzebuerg (2006- ).

Zënter Dezember 2005 ass hie Member vum 'Comité d'experts de la Charte européenne des langues régionales ou minoritaires au titre du Luxembourg' am Conseil de l'Europe (2005-2011)

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Aarbechten

  • Auteur vun enger 'Thèse de doctorat sur la créativité lexicale en luxembourgeois' Université Paul Valéry Montpellier III (1998-2002)
  • Auteur vun der Wierderlëscht fir deen éischte Spellchecker fir d'Lëtzebuergescht mat 125.000 Wuertformen (Projet Cortina 2000-2002)
  • Co-Auteur vum lëtzebuergesch-franséischen online Dictionnaire Luxdico.com (2003) publizéiert bei den Editions Schortgen (2004, 2005)
  • Supervisioun vun der lëtzebuergescher Iwwersetzung vu Microsoft Windows an Office (2005, 2006)
  • Co-Auteur vum Bichelchen 'Lëtzebuergesch léiere mat MP3' vun der Gemeng Lëtzebuerg (2007)
  • Auteur vun der LuxDVD, där éischter DVD fir Lëtzebuergesch ze léieren (2010)
  • Auteur vun enger ganzer Rei vun Artikelen iwwer d'Informatisatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch.
  • Iwwersetzer vum Comic "Dréift Waasser" (Europäescht Parlament, 2004)
  • Auteur vum éischte lëtzebuergesche Computerspill Comboling (2002-2005)

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Artikelen

[änneren] Interviewen

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen