Jérôme vu Bauschelt

Vu Wikipedia
Jérôme vu Bauschelt
Gebuer 1470
Arel
Gestuerwen 27. August 1517
Bordeaux
Aktivitéit Politiker, Mäzen
Famill
Geschwëster François vu Bauschelt

De Jérôme oder Hieronymus vu Bauschelt (fr.: Jérôme de Busleyden, nl.: Jeroen van Busleyden, lat.: Hieronymus Buslidius), gebuer ëm 1470 zu Bauschelt (oder Arel?) a gestuerwen de 27. August 1517 zu Bordeaux, war e Jurist, Mäzen an Humanist.

Säi Papp war de Gilles den Eelere vu Bauschelt a seng Mamm d'Anne de Musset. De Papp gouf Prévôt vun Arel a Besëtzer vun der Seigneurerie vu Guirsch, a gouf duerch e Patent vum deemolegen Herzog vun der Bourgogne, dem Charel de Kéngen (Charles le Téméraire) 1471 geadelt.

De Jérôme huet zu Bologna, Paräis a Léiwen Droit studéiert a gouf duerno vum Philippe dem Gudden zum Member vum Grousse Conseil vu Mechelen beruff. De Busleyden war e Frënd vum Erasmus vu Rotterdam a vum Thomas Morus a war Stëfter vum Collegium Trilingue. Ausserdeem huet hie mat der Héichschoul vu Léiwen zesummegeschafft.

Hie war och am diplomateschen Déngscht vum Karel V.. Bei enger Missioun am Ausland ass en zu Bordeaux gestuerwen.

Seng Residenz zu Mechelen, am fréie Renaissance-Stil gebaut, ass haut e Musée, den Hof van Busleyden.

Hie war de Brudder vum François vu Bauschelt.

Zu Léiwen gëtt et hautdesdaags e Busleydengang, zu Bréissel eng Busleyden-Avenue an zu Bauschelt eng Jérôme-de-Busleyden-Strooss.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hieronymus de Busleyden, zwei Widmungsbriefe an Beissel.: Mechelen, 31.3.-5.4.1504 respektiv ebd., 23.3.1505, ed. Henry de Vocht,
  • "Jérôme de Busleyden, founder of the Louvain Collegium Trilinque. His life and writings. Ed. for the first time in their entirety from the original manuscripts"". in: Humanistica Lovaniensia, Journal of Neo-Latin Studies; Band 9 vun Receuil de travaux publiés par les membres des conférences d'histoire et de philologie Université de Louvain, 1950 Turnhout: Brepols Press, Nodrock 1966 Kraus Reprint, 303-305, 318-320.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]