Jóhanna Sigurðardóttir

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Jóhanna Sigurðardóttir 2007

D'Jóhanna Sigurðardóttir[1] [jouːhanːa 'sɪːɣʏrðartouhtɪr], gebuer de 4. Oktober 1942 zu Reykjavík, ass eng islännesch Politikerin a fréier Gewerkschaftlerin.

Si ass zënter dem 1. Februar 2009 Premièreministesch an Island, fir d'éischt an enger Minoritéitsregierung, dunn, no de Parlamentswale vum 26. Abrëll 2009, an enger Majoritéitsregierung aus der sozialdemokratescher Allianz an dem Lénks-Grénge Bündnes. Hire Virgänger Geir Haarde hat missen am Kontext vun der Finanzkris 2007/2008 zrécktrieden.

1962 bis 1971 war d'Jóhanna Stewardess bei der Icelandair, wou si sech gewerkschaftlech engagéiert huet. Dono huet si als Privatemployée geschafft a war och do gewerkschaftlech aktiv. 1978 gouf se an den Althing, d'islännescht Parlament, gewielt, wuer si bis ewell, als Member vun der islännescher sozial-demokratescher Partei, ëmmer nees erëmgewielt gouf. Tëscht 1987 an 1994, an dann nees vun 2007 bis Januar 2009 war si Sozialministesch a 5 Regierungen. Zënterhir ass si Premièreministesch.

D'Jóhanna Sigurðardóttir war bestuet an huet 2 Kanner. Zënter 2002 lieft si an engem Partenariat mat der Schrëftstellerin a Journalistin Jónína Leósdóttir.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Jóhanna Sigurðardóttir – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Referenzen

  1. An Island ginn d'Leit gewéinlech ënnert hirem Virnumm identifizéiert, gefollecht vum Patronym, dat heescht dem Virnumm vum Papp (méi seelen der Mamm), un deem seng Genitivform -son oder -dóttir ("Jong/Duechter vum") drugehaange gëtt. An deem heite Fall gëtt sech dofir op d'Premièreministesch als Jóhanna bezunn. D'Sonnerzeechen "ð" kann duerch "d" ersat ginn.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen