Józef Oleksy

Vu Wikipedia
Józef Oleksy
Gebuer 22. Juni 1946
Gestuerwen 9. Januar 2015
Warschau
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Polen
Aktivitéit Politiker, Ekonomist, Universitéitsprofesser
Partei Polska Zjednoczona Partia Robotnicza
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

De Józef Oleksy [ 'juzɛf ɔ'lɛksɪ ], gebuer den 22. Juni 1946 zu Nowy Sącz a gestuerwen den 9. Januar 2015 zu Warschau, war e polnesche Politiker. Hie war vun 1995 bis 1996 Premierminister an 1993-1995 a 2004-2005 President vun der Ënneschter Chamber, dem Sejm.

Vun 1970 bis 1978 huet hie fir de Militärgeheimdingscht geschafft a vun 1977 un a verschiddene Fonctioune vun der Polnescher Vereenter Aarbechterpartei. 1989 huet hien op der Säit vun der Regierung, als Minister fir Zesummenaarbecht mat de Gewerkschaften, bei de Verhandlungen um Ronnen Dësch matgemaach.

Hie gouf 1989 an de Sejm gewielt, war 1990 Matgrënner vun der Sozialdemokratescher Partei a gouf 1999, wéi dës an der Allianz vun den Demokratesche Lénken (SLD) opgaangen ass, Member dovun. 2004-2005 war en hire President.

Wéi seng Vergaangenheet als KGB-Agent 2005 erauskoum, ass hien als Chamber- a Parteipresident zeréckgetrueden.