JHWH

Vu Wikipedia

JHWH (hebräesch ‏יהוה‎; engl. och YHWH) ass den Numm vum jiddesche Gott am Tanach.

Etymologie[änneren | Quelltext änneren]

An de meeschten däitschen Iwwersetzunge gëtt JHWH mat "Herr" iwwersat, mä ville Gleewegen ass och den Numm Jehova bekannt a wäertvoll. Nach anerer sinn der Meenung datt ee JHWH einfach mat Jahwe iwwersetze soll, oder mat enger Iwwersetzung wéi "den Éiwegen". Et ass schwéier eng "richteg" Iwwersetzung fir den Numm JHWH ze fannen, well d'Aalt Testament op Hebräesch geschriwwen ass an an där Sprooch nëmmen d'Konsonante geschriwwe ginn; d'Vokaler musse beim Liesen ergänzt ginn. Dowéinst huet all geschriwwent Wuert e puer Bedeitungen an et ass ëmmer ee klenge Spillraum bei der Iwwersetzung méiglech.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Jehova gëtt vu ville Gleewegen ofgeleent, well eng gewësse reliéis Grupp (d'Zeie vu Jehova) deen Numm als „Kennzeechen“ benotzt. Wéinst der Virschrëft aus dem drëtte Gebot am 2. Mose 20,7: "Du solls den Numm JHWH vun dengem Gott net ouni Grond ausschwätzen", gëtt deen Numm nëmmen nach ganz seele benotzt. No ale jiddeschen Aussoe gëtt deen Numm nëmmen nach vun de Paschtéier gebraucht.

Zënter dem 4. Joerhonnert v. Chr gëtt den Numm JHWH vun de Judden aus helleger Angscht iwwerhaapt net méi benotzt, obwuel dat drëtt Gebot sech net géint de Gebrauch, mä géint de Mëssbrauch vun dësem Gottesnumm ausschwätzt. Bei der Virliesung vun der helleger Schrëft gëtt JHWH duerch dat hebräescht Wuert "Adonaj" ersat, dat sou vill bedeit wei "(mäin) Här". Wéi am 3. bis 2. Joerhonnert viru Christus an der egyptescher Stad Alexandria eng Iwwersetzung vum hebräeschen Alen Testament an d'griichescht gemaach ginn ass, ass net den Numm JHWH, mä dat hebräescht Wuert "Adonaj" mam griichesche Wuert "kyrios (κύριοϛ)" ersat ginn.

Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm JHWH kënnt vum hebräesche Verb "haja" oder "hawa". Gott gëtt dem Moses d'Erklärung fir säin Numm am 2. Mose 3, 13-15: De Moses seet zu Gott: Wann ech bei d'Kanner vun Israel kommen an hinne soen: Gott huet mech bei iech geschéckt a si mir soen: Wat ass säin Numm?, wat soll ech hinnen da soen? Du sot Gott zu Moses: "Ech sinn, deen ech sinn" (hebr. ehjeh ascher ehjeh). An hie sot: Also solls du zu de Kanner vun Israel soen: "Ech sinn" (hebr. ehjeh) huet mech bei iech geschéckt.[...] Dat ass mäin Numm fir éiweg. Mat dëse Wieder gëtt ënnerstrach, datt Gott den Onverwandelbaren, Onverännerlechen ass an datt hien deen Eenzegen ass, dee vu sech behaapte kann: "Ech sinn". D'Existenz vun all deenen anere Wiesen ass vun him ofgeleent ginn; hien eleng ass den Éiwegen.