Jackson Pollock

Vu Wikipedia
Jackson Pollock
Gebuertsnumm Paul Jackson Pollock
Gebuer 28. Januar 1912
Gestuerwen 11. August 1956
Doudesursaach Verkéiersaccident
Nationalitéit USA
Educatioun Art Students League of New York
Aktivitéit Moler, Zeechner, Graveur

De Paul Jackson Pollock, gebuer den 28. Januar 1912 zu Cody am Wyoming, a gestuerwen den 11. August 1956 an der New York, war en US-amerikanesche Moler.

Hie war e Schüler vum amerikanesche Moler Thomas Hart Benton. Den Jackson Pollock huet fir d'éischt expressionistesch Landschaften a Figuren aus der Mythologie gemoolt. Ëm d'Joer 1940 ass hien iwwer d'Zeechen a Symboler vun den Indianer an ënner dem Afloss vum Surrealismus vun den europäeschen Emigranten zu engem abstrakten a beweegte Stil iwwergaangen.

Vun 1947 un huet hie mat neien Techniken experimentéiert an hien huet d'Drippingmethod (Erofdrëpselosse respektiv d'Sprëtze vun de Faarwen op eng horizontal Bildfläch). Doduerch gouf hien zum gefeierte Grënner vum Action painting.

1951 huet hie schwaarz-wäiss Biller gemoolt an hien ass zäitweis op déi klassesch Molweis mat dem Pinsel zeréckkomm.

Hie koum bei engem Autosaccident ëm d'Liewen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jackson Pollock – Biller, Videoen oder Audiodateien