Jacob Bartsch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Jacob Bartsch, gebuer am Joer 1600 zu Lauban an der Lausitz, an do gestuerwen de 26. Dezember 1633, war en däitschen Astronom.

De Bartsch huet vill astronomesch Schrëfte verfaasst, dorënner d'Planisphaerium Stellatum. Hie war en Eedem vum Johannes Kepler an huet hien och deelweis bei senge Berechnungen ënnerstëtzt. Nom Doud vum Kepler huet hien dat utopescht Wierk vum Kepler Somnium („Der Traum“) fäerdeg gestallt.

De Bartsch studéiert Astronomie a Medezin op der Universitéit Stroossbuerg.[1]

Am Joer 1624 publizéiert de Bartsch Stärekaarten ënner dem Titel Usus astronomicus planisphaerii stellati. De Bartsch huet dobäi d'Stärebiller, déi 1613 vum Petrus Plancius beschriwwe goufen iwwerholl. Et si Stärebiller, déi op den Himmelsglobe vum Pieter van den Keere duergestallt waren. De Bartsch mécht doduerch engem breede Publikum d'Stärebiller: Giraff, Kräiz vum Süden, Eenhaar, Netz bekannt.

De Bartsch bestit sech den 12. Mäerz 1630 mat dem Johannes Kepler senger Duechter Susanne [2] Si hat him virdru bei senger wëssenschaftlecher Aarbecht gehollef[3]. Nom Kepler sengem Doud am Joer 1630 sammelt de Bartsch Geld fir dem Kepler seng Witfra a versicht posthum dem Kepler säi Buch Somnium.[1] ze publizéieren, wat him awer net gelongen ass, well hie selwer virdru gestuerwen ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Ioan James. Remarkable Physicists: From Galileo to Yukawa. Cambridge University Press, 2004. ISBN 0-521-01706-8
  2. James A. Connor. Kepler's Witch. HarperCollins, 2004. ISBN 0-06-052255-0
  3. Christian Pamphlets. Protestant Episcopal Society for the Promotion of Evangelical Knowledge. 1852.