Jacques Anquetil

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Jacques Anquetil

De Jacques Anquetil, (Spëtznumm Maître Jacques), gebuer zu Mont-Saint-Aignan den 8. Januar 1934, a gestuerwen den 18. November 1987 war e franséische Vëloscoureur.

De Jaques Anquetil war ee vun de beschte franséische Coureuren an esouguer ee vun de beschten iwwerhaapt. De Jacques Anquetil ass Papp vun engem Bouf an engem Meedchen.

Inhaltsverzeechnes

Biographie [änneren]

De Jacques Anquetil kritt seng éischt Lizenz als Vëlosportler den 2. Dezember 1950 als Amateur beim A.C. Sotteville. Hien hat fir Dréier an Ajusteur geléiert wou hien och seng Meeschterprüfunge gemaach hat, huet awer haaptsächlech sengem Papp gehollef, dee Gäertner war an eng Äerdbiersziichterei hat.

Als Amateur hat hie 16 Victoiren op sengem Kont, dovunner seng éischt um Prix Maurice Latour den 3. Mee 1951 zu Rouen. Am Joer 1952 gewënnt hien de Prix de France, den Tour de la Manche an d'franséisch Landesmeeschterschaften op der Strooss.

Duerno ass den Anquetil Profi vun 1953 bis 1969 a gewënnt 184 Courssen.

Nodeems de Maître Jacques de Vëlo op de Nol gehaangen hat gouf hie Correspondent vun der Zeitung L’Équipe a Beroder op Europe1. Hie war och nach Directeur de Course bei Paris - Nice an am Tour Méditerranéen, an e war Member vum Comité vun der FFC. En huet och Reportage fir d’Televisioun gemaach mä seng Haaptbeschäftegung war fir op sengem Bauerebetrib, dem « Domaine des Elfes » (200 ha) bei La Neuville-Chant-d’Oise, Gentleman-Farmer ze spillen.

Medailen an Unerkennungen [änneren]

Equippen [änneren]

Säin éischten Trainer war den André Boucher, bei deen en och nach spéider ëmmer gutt Rotschléi froe goung, besonnesch fir Courssë géint d’Zäit.

Palmarès [änneren]

Stèle als Erënnerung un de Jacques Anquetil op der Kräizung vun der RD36 an der RD938 zu Châteaufort,op der Kopp vun der Côte de la Trinité

Resultater um Tour de France [änneren]

Resultater um Giro [änneren]

  • 1959 : 2. am Generalklassement a Gewënner vun zwou Etappen
  • 1960 : 1. am Generalklassement a Gewënner vun zwou Etappen
  • 1961 : 2. am Generalklassement a Gewënner vun enger Etapp
  • 1964 : 1. am Generalklassement a Gewënner vun enger Etapp
  • 1966 : 3. am Generalklassement
  • 1967 : 3. am Generalklassement

Resultater an der Vuelta [änneren]

  • 1962 : Opginn
  • 1963 : 1. am Generalklassement a Gewënner vun enger Etapp

1953 [änneren]

1954 [änneren]

1955 [änneren]

1956 [änneren]

1957 [änneren]

1958 [änneren]

1959 [änneren]

1960 [änneren]

1961 [änneren]

1962 [änneren]

1963 [änneren]

1964 [änneren]

1965 [änneren]

1966 [änneren]

1967 [änneren]

1969 [änneren]

Erënnerungen [änneren]

Op der Kräizung vun den Departementsstroossen RD36 an RD938, op der Kopp vun der Côte de la Trinité bei Châteaufort, war am Mäerz 1989, no dem Doud vum Coureur eng bronze Sculptur déi de Jacques Anquetil um Vëlo duergetallt huet, opgeriicht ginn. Déi gouf awer séier geklaut a gouf spéider duerch eng Sail ersat wou d'Erënnerungsplak déi Rescht blouf drop festgemaach ass.

Zitater [änneren]

  • « Il faut être un imbécile ou un faux-jeton pour s’imaginer qu’un cycliste professionnel qui court 235 jours par an peut tenir le coup sans stimulants. », L’Equipe, 1967.