Jacques Brocquart
De Jacques Brocquart ass 1588 zu Diddenuewen gebuer an de 14. Abrëll 1660 als Jesuitepater zu Lëtzebuerg gestuerwen. Hie gëtt als den Initiator vun der Muttergottesoktav zu Lëtzebuerg ugesinn.
Hie war Professer am 1603 nei gegrënnte Jesuitekolléisch an huet den 8. Dezember 1624, um Fest vun der Onbefleckter Empfängnis, zesumme mat Studenten eng Muttergottesstatu, där hien den Titel Tréischterin am Leed ginn huet, ënner engem Kräiz um Glacisfeld opgestallt, fir dohinner ze pilgeren.
Inhaltsverzeechnes |
Biographie [änneren]
De Jacques Brocquart (och nach Brocca, Brocard, Broquardt oder Broncquardt geschriwwen) staamt aus enger adeleger Famill aus dem Arelerland. Et ass net gewosst, wéini seng Famill op Diddenhuewe koum an zënter wéini si am Haus 8 vun der haiteger Maartplaz gelieft huet, do wou de Jacques ëm de 24. Juni 1558 gebuer gouf. Säi geneeë Gebuertsdatum wousst hie selwer net.
Am Joer 1608 trëtt hien zu Tournai bei d'Jesuiten an den Uerden, ass vun 1612-1614 Professer am nei gegrënnte Jesuitekolléisch zu Lëtzebuerg, féiert duerno seng Theologiestudien zu Dinant weider a gëtt 1622 zum Priister geweit. Vun 1622 ass hien erëm Professer (ënner anerem fir Rhetorik) am Jesuitekolléisch an ass och während 20 Joer verantwortlech fir d'Kateches vun de Kanner aus der Stad Lëtzebuerg.
Et ass kee Portrait vum Pater Brocquart bekannt. Et ass awer gewosst, datt hien eng schwaach Gesondheet hat a war sécher och dowéinst sensibel op d'Epidemie vun der Pescht, déi 1626 zu Lëtzebuerg ausgebrach ass. Am Joer 1648 gëtt hien e Sammelband mam Titel Wunderwerck Und gnadenreiche Hayllungen So Unsere Liebe Fraw die Trösterin eraus, an dem 125 Heelungsberichter aus der Zäit tëschent 1626 a 1647 stinn.[1] Vu 1650 un war hie schwéier krank. Hie gouf 1660 um Kierfecht vun der Nikloskierch um Krautmaart begruewen, do wou haut d'Chamber steet. Et ass awer net gewosst, wou genee säi Grafstee läit.
Grënner vun der Muttergottesoktav [änneren]
Ënnerstëtzt gouf dem Pater Brocquart seng Initiative fir zu Lëtzebuerg zu Maria ze pilgeren duerch de Grof Berlaymont, wéi och duerch den Albert vun Éisträich [2] a seng Fra d'Isabella vu Spuenien [3], d'Statthalterpuer vun de Spueneschen Nidderlanden. Tëscht 1625 a 1628 ass ënnert senger Regie d'Pilgerkapell (Neipuertskapell genannt) um Glacis-Feld gebaut ginn, déi scho 1640 erëm ënnert him vergréissert a 1642 nei ageweit gouf.
De Pater Brocquart hat gehofft d'Neipuertskapell schonn am Joer 1625 fäerdeg gebaut ze hunn, du krut hien awer och d'Pescht, och nach Schwaarzen Doud genannt. A senger Nout an op sengem Stierfbett huet de fromme Pater sech mat ganzem Vertrauen un Maria als Tréischterin am Leed geriicht. Op Uroden vu sengem Beichtvater huet hien e reliéist Verspriechen (Gelübd) ofgeluecht: Sollt hien dach gesond ginn, géif hie buerféiss a mat nach vill méi Äifer bei d'Neipuertskapell pilgeren an der Muttergottes eng Käerz vun zwee Pond schenken. Hie gouf 1626 gesond an huet säi Versprieche gehal.
De Pater Brocquart huet zu Antwerpen Biller vun der Tréischterin op Pabeier drécke gelooss, zu Nanzeg Medailen ewéi och Statuen aus Holz, Steen, Sëlwer oder Gold an Optrag ginn. Hien hat domat esou vill Succès, datt d'Bild vun der Tréischterin a villen Dierfer a Stied veréiert ginn ass. Esou koum och d'Bild vun der Lëtzebuerger Tréischterin duerch spuenesch Zaldoten scho 1642 op Kevelaer.
Dem Pater säin Numm lieft weider am Numm vun den Internater, déi d'Kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg ënnerhält: den Internats Jacques Brocquart. Um Fetschenhaff ass eng Strooss no him benannt.
Quellen [änneren]
- Schneider Jean-Paul, 2010, Un grand serviteur de Notre-Dame, Le Père Jacques Brocquardt, fondateur du pèlerinage de l'Octave, s'est éteint il y a 350 ans, in: Luxemburger Wort, 28. 4. 2010, S. 21.
- Faltz Michael, 1948, Heimstätte U. L. Frau von Luxemburg, Sankt Paulus Druckerei, Luxemburg, 1948, 3. Aufl.
- Muller Dr. P. J., 1939, Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes, Verlag der "Cahiers Luxembourgeois", Luxembourg.