Jacques Cathelineau

Vu Wikipedia
Jacques Cathelineau
Gebuer 5. Januar 1759
Le Pin-en-Mauges
Gestuerwen 14. Juli 1793
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Offizéier


De Jacques Cathelineau, gebuer de 5. Januar 1759 zu Le Pin-en-Mauges a gestuerwen de 14. Juli 1793 zu Saint-Florent-le-Vieil, war e franséische Militär, royalistesche Chef vun de Vendéens a Généralissime vun der Arméi vun der Vendée wärend der Franséischer Revolutioun. Hie gouf och dacks Saint de l'Anjou genannt.

De Cathelineau ass zu Le Pin-en-Mauges am Departement Maine-et-Loire op d'Welt komm, a war en einfache Colporteur[1] wéi den Opstand an der Vendée ugefaangen huet. Hie war och Sacristain a senger Par. Hie war ganz fromm, a krut doduerch de Spëtznumm Saint de l'Anjou, well hien därmoossen a senger Funktioun opgaangen ass. Duerch säi Curé, den Abt Cantiteau, huet sech de Cathelineau der Revolt ugeschloss. Duerch dëse militante Paschtouer huet de Cathelineau, deen zu dësem Zäitpunkt 35 Joer hat, a Familljepapp war, an domat vum Militärdéngscht, deen d'Convention duerch hir Levée erreeche wollt befreit, zu de Waffe gegraff.

De Cathelineau an d'Revolutioun[änneren | Quelltext änneren]

Den 10. Mäerz 1793, hu sech déi jonk Leit vum Distrikt vu Saint-Florent-le-Vieil, déi versammelt ware, fir d'Lous ze zéien[2], géint d'Autoritéit erhuewen, a sinn duerno nees roueg heemgaangen. De Cathelineau, dee vun dësen Evenementer Bescheed wousst, huet säin Haus verlooss, seng Nopere ronderëm sech versammelt, a si iwwerzeegt, déi eenzeg Méiglechkeet fir der Bestrofung z'entgoe wier, oppen zu de Waffen ze gräifen, an d'Republikaner ze verdreiwen.

Den 12. Mäerz huet de Cathelineau d'Initiativ ergraff, fir all fäeg Männer vu sengem Duerf zesummenzeruffen, a géint d'Republikaner virzegoen. 27 jonk Männer sinn him gefollegt, a hu sech an der Hetz alles geholl, wat als Waff ziele konnt. Zesumme si si Richtung Jallais marschéiert, an hu vill Baueren ënnerwee rekrutéiert.

Den 13. Mäerz ass dës Trupp zu Jallais ukomm, wat vun 80 Republikaner verdeedegt ginn ass. Dëse Poste konnt ageholl ginn. De 14. Mäerz ass Chemillé no enger grousser Resistenz gefall: duerch dës Victoire krut de Cathelineau ëmmer méi Leit a seng Trupp.

De Jacques Cathelineau.

Zanter dem 14. Mäerz hat de Cathelineau schonn 3.000 Männer ënner sengem Kommando, a mat der Hëllef vum Stofflet konnt hie Cholet anhuelen. D'Revolt gouf ëmmer méi wichteg an huet sech séier verbreet, a sou hunn d'Vendéens decidéiert, datt si Cheffe bräichten. Dëst waren de Bonchamps an den d'Elbée.

De Cathelineau huet ënner dëse Cheffen e wichtege Rang an e groussen Afloss op d'Bauere behalen, an huet mat sengem gewinnte Mutt zu Vihiers an zu Chalonnes gekämpft. D'Campagne gouf zu dësem Zäitpunkt ënnerbrach an déi Opstänneg sinn heemgaangen, fir Ouschteren ze feieren.

Den 9. Abrëll stoungen d'Banden nees um Schluechtfeld, hunn awer Chemillé missen opginn, a sech op Tiffauges zeréckzéien. Den 23. Abrëll konnt de Cathelineau Beaupréau anhuelen, an de 5. Mee war Thouars un der Rei.

Nodeem de Cathelineau de 14. Mee de Generol Alexis Chalbos zu La Châtaigneraie geschloen hat, huet hien zu Fontenay de 16. Mee missen eng Néierlag astiechen. Seng Revanche krut hien den 9. Juni 1793, wéi hie Montreuil-Bellay a Saumur eruewert huet.

No der Eruewerung vu Saumur hat den Opstand sou eng Wichtegkeet erreecht, datt d'royalistesch Cheffen der Meenung waren, de Kommandement engem Eenzegen ze ginn, fir datt hir Operatiounen ëmmer openeen opgestëmmt wieren. Well de Cathelineau bei den Truppe ganz beléift war, gouf hie vum Lescure a vum d'Elbée den 12. Juni zum "Généralissime de l'Armée catholique et royale" ernannt. Dëst war wuel och eng Méiglechkeet, de Baueren Hunneg ëm de Mond ze schmieren, andeems ee vun "hiren" un der Spëtzt vun den Truppe stoung.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Krich an der Vendée.

Säin Doud[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem Angers den 23. Juni ouni gréisser Schwieregkeete gefall war, huet sech d'Kathoulesch a kinneklech Arméi op de Wee gemaach, fir Nantes den 29. Juni unzegräifen. Den neie "Généralissime" huet sech virun der Stad mat 80.000 Männer presentéiert, de Charette sollt hie mat 30.000 Opstännegen aus dem Bas-Poitou ënnersëtze kommen. Mä dës Expeditioun war schlecht kombinéiert, a sou huet de Cathelineau misse géint d'Awunner an eng Garnisoun vun 3.000 Männer astiechen. De Cathelineau, deen d'Porte de Rennes ugegraff hat, a bis op d'Place Viarme komm war, gouf déidlech blesséiert. Nodeem d'Vendéens gesinn hunn, datt hire Chef schwéier blesséiert war, hu si sech zeréckgezunn an d'Néierlag akzeptéiert.

De Cathelineau gouf op Saint-Florent-le-Vieil bruecht, wou hien de 14. Juli 1793 u senge Wonne gestuerwen ass. Hie gouf an der Kapell Saint-Charles zu Saint-Florent-Le-Vieil begruewen.

Säi Jong, de Jacques-Joseph de Cathelineau, krut ënner der Restauratioun en Adelstitel. Säin Enkel, den Henri de Cathelineau war en Offizéier am Franséisch-Preisesche Krich 1870.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Anne Rolland-Boulestreau, Jacques Cathelineau: généralissime de l'armée vendéenne, 1759-1793, Geste, La Crèche, 2001. (ISBN 2-8456-1028-9)
  • Théodore Muret, Vie populaire de Cathelineau, Éd. du Choletais, Cholet, 1990. (ISBN 2-902052-49-9)
  • Louis-Marie Clenet, Cathelineau: le saint de l'Anjou: premier généralissime de l'armée vendéenne, Perrin, Paräis, 1991. (ISBN 2-262-00796-9)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jacques Cathelineau – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Dem Charles Mullié no war hien en aarme Wollhändler, laut anere Quellen e Schneider, dee roueg bei senger Famill gewunnt huet, a sech virun allem duerch säin déiwe Glawe bemierkbar gemaach huet.
  2. Vgl. Levée en masse.