Jacques Dasbourg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jacques Dasbourg, gebuer de 5. Juni 1879 zu Veianen, a gestuerwen de 25. Mee 1920 zu Réiden un der Atert, war e lëtzebuergesche Moler.
Hien huet op der École supérieure des Arts décoratifs zu Stroossbuerg an der Münchener Konschtakademie studéiert. Hien huet sech ufanks zu München etabléiert a sech do als Freskemoler fir Kierchen en Numm gemaach.
Um Ufank vum Éischte Weltkrich ass de Jacques Dasbourg hannescht op Lëtzebuerg gaangen, wou e Konschterzéier an der Handwierkerschoul gouf.
Et ginn en etlech Portraiten a Landschaftsbiller vun him, am realistesche Stil.