Jacques Delors
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jacques Lucien Jean Delors, gebuer den 20. Juli 1925 zu Paräis, ass e franséische Politiker, Member vun der Sozialistescher Partei vu Frankräich, dem Parti Socialiste (PS). Eng vu sengen Duechteren, d'Martine Aubry, ass och an der franséischer Politik. Als Member vun der franséischer sozialistescher Partei ass si zënter dem Mäerz 2001 Buergermeeschtesch vu Lille.
Nodeems en zwee Joer, vun 1979 bis 1981, als Deputéierten am Europäesche Parlament war, gouf hie franséische Wirtschafts- a Finanzminister (1981-1984).
Vun 1983 -1984 war hie Buergermeescher vu Clichy-la-Garenne am Departement Hauts-de-Seine.
1985 gouf hie President vun der Europäescher --Kommissioun. Dës Funktioun hat hie bis Januar 1995. 1992 krut en de Karlspräis. Hien ass och Doctor honoris causa vu 24 Universitéiten.
A senger Presidentschaft huet d'europäesch Integratioun grouss Fortschrëtter gemaach. Ënner him koum de sougenannten Acte unique zoustanen an den Europäesche Bannemaart huet méi konkret Formen ugeholl. Dee vun him presentéierten Delors-Plang huet doriwer eraus den Ustouss fir d'Schafe vun der Europäescher Währungsunioun ginn.
Publicatiounen [änneren]
- Delors, Jacques:Mémoires (brochéiert), Januar 2004
- Madelin, Henri a Delors, Jacques: Refaire l'Europe : Le vieux et le neuf , (brochéiert), Juni 2007
- Giddens, Antony, Blair, Tony a Delors, Jacques: La Troisième voie face : Le Renouveau de la social-démocratie (Brochéiert) Abrëll 2002
- Endo, Ken: The Presidency of the European Commission under Jacques Delors, Macmillan, 1999
- Milési, Gabriel: Jacques Delors : l'homme qui dit non, (Brochéiert), 1995
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Jacques Delors – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Virgänger: Gaston Thorn |
President vun der Europäescher Kommissioun 1985 - 1995 |
Nofolger: Jacques Santer |