Jacques Lamort

Vu Wikipedia
Jacques Lamort
Gebuer 20. November 1785
Metz
Gestuerwen 31. Oktober 1856
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Industriellen

De Jacques Lamort, gebuer den 20. November 1785 zu Metz, a gestuerwen den 31. Oktober 1856 an der Stad Lëtzebuerg war en industrielle Pionéier. Hie gëtt als Grënner vun der lëtzebuergescher Pabeierindustrie betruecht.

De Jacques Lamort, Jong vum Drécker Claude Lamort, hat sech ufanks zu Lëtzebuerg als Drécker installéiert. 1824 huet en dem Pierre Bourgeois seng Pabeierfabrik zu Senneng ofkaaft an am selwechte Joer och d'Pescatore-Millen an der Millebaach, déi spéider Lamouesch-Mille genannt gouf. 1828 huet en och d'Manternacher Millen kaaft, an där e vun 1837 u Pabeier fabrizéiert huet. 1855 huet e se mat engem Dampkessel ekipéiere gelooss.

1828 huet en och a Clausen eng Pabeierfabréck opgemaach, fir do Tapéiten ze produzéieren. 1835 huet en d'Tapéiteproduktioun op Senneng verluecht. D'Tapéiten, déi "en ordinaire", "en glacé", "en doré" oder "en velouté" ausgefäerdegt goufen, hu sech international gutt verkaaft.[1]

1845 huet de Jacques Lamort d'Iechternacher Faïencerie Dondelinger opkaaft, fir doran e Betrib anzeriichten. An deem Joer hunn d'Pabeierfabrécken zu Senneng an zu Manternach 200 Aarbechter beschäftegt.

Zesumme mam Mathieu-Lambert Schrobilgen huet hien 1826 d'Zeitung Journal de la ville et du Grand-Duché de Luxembourg gegrënnt.

De Jacques Lamort war vun 1841 bis 1856 President vun der Handelskummer Hie war 1848 Member vum Conseil de Régence a vun 1843 bis 1851 Schäffen an der Stad Lëtzebuerg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jules Mersch: La famille Lamort, Biographie nationale du pays de Luxembourg, fascicule IV, Säiten 546-559.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Le château de Senningen: Historique", Centre de Communications du Gouvernement. gekuckt 2013-04-19.