Jacques Mangers

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Monument zu Stolzebuerg

De Jacques Mangers, gebuer den 18. Mäerz 1889 zu Stolzebuerg a gestuerwen de 7. Januar 1972 [1], war e lëtzebuergesche Maristepater.

De Jacques Mangers huet an der Kongregatiounsschoul vun de Maristepateren zu Differt studéiert. Duerno huet hie Philosophie zu Paräis studéiert. Duerno ass hien op Roum gaange wou hie seng Studie weidergefouert huet bis zum Dr. an der Theologie.

De Jacques Mangers ass den 3. Abrëll 1920 zu Roum zum Geeschtleche geweit ginn. 1925 gouf hien a Norwegen geschéckt, do war hie Paschtouer an der Par vum Hl. Pol zu Bergen.

1932 gouf hien apostolesche Vikar an 1953 Bëschof vun Oslo (Norwegen).

Hie gouf 1932 Titularbëschof vu Selia an 1964 vun Afufenia.

Ërennerungen zu Stolzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

  • Den 20. Mäerz 1955 gouf déi kleng Klack vun der Kierch zu Éiere vum Jacques Mangers dem hellege Jakobus gewidmet an dréit folgend Opschrëft [2]:
IACOBI – APOSTOLI
PRAESIDIIS – FVGIAT – NOX
FIAT – VNVS – EPISCOPVS – AC – VNVM – OVILE
  • E Monument zu Éiere vum Jacques Mangers gouf zu Stolzebuerg opgestallt [3] mat folgender Opschrëft:
A LA MEMOIRE DE
MONSEIGNEUR
DR JACQUES MANGERS
EVEQUE D'OSLO
NE A STOLZEMBOURG
*1899 †1972

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. De Jacques Mangers gouf um Kierfecht zu Biissen begruewen.
  2. cf. Kugener, Léon, 1955. Renovierung der Kirche: Einweihung der Pfarrkirche von Stolzemburg am 12.9.1955: S. 36.
    cf. S. 18 in Donckel, Emile, 1964. Sankt Jakobus der Ältere in Luxemburg. Kult und Brauchtum im Luxemburger Raum. Sonderdruck aus den Blättern der AGML. 28 S. Sankt-Paulus-Druckerei AG, Luxemburg.
  3. Hei misste weider Detailer erfuerscht an agedroe ginn: wou, wéini... Bei der Foto sti keng Détailer.