Jacques Marie Bellwald

Vu Wikipedia
Jacques Marie Bellwald
Gebuer 10. September 1871
Bech-Maacher
Gestuerwen 25. Abrëll 1945
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotograf, Editeur


De Jacques Marie Bellwald, gebuer den 10. September 1871 zu Bech-Maacher a gestuerwen de 25. Abrëll 1945[1] zu Iechternach, war e lëtzebuergesche Foto- a Filmpionéier.

Hien huet zu Paräis éischt Erfarunge mam Medium Fotografie gemaach, a goung dann an der Stad bei de Charles Bernhoeft an d'Léier. No sengem Bestietnes huet hie sech zu Iechternach als Fotograf etabléiert an do den 18. Oktober 1896, am Hôtel du Cerf fir d'éischt zu Lëtzebuerg eng Filmvirféierung organséiert. Gewise gouf ënner anerem deen alleréischte Film iwwerhaapt, L'arrivée d'un train en gare vun de Bridder Lumière. E puer Deeg drop, den 22. Oktober, huet en déi selwecht Filmer an der Stad, an der Villa Louvigny gewisen.

Hie war och Auteur vun zwéin Touristeguiden, engem Bichelchen iwwer d'Sprangpressioun an enger 1.500 - 2.000 Postkaarten.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Album-Guide de la Petite Suisse luxembourgeoise. 1898.
  • La Moselle luxembourgeoise et Mondorf-les-Bains. Ouni Datum (no 1898).
  • St. Willibrord und die Springprozession, 1902.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anne-Aymone Schmitz: „Abteistadt erinnert an Fotopionier“, Luxemburger Wort, 23. Mäerz 2015, S. 23

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Etat civil vun Iechternach, Stierfregëster 1945, Stierfakt N° 6 vum 26. Abrëll 1945. Kuckt och: Solange Coussement: Old Postcards. Photographer J.M. Bellwald.
    An der Doudesannonce am “Wort” steet iertemlecherweis de 24. Abrëll 1945, an den Alter ass och falsch (75 amplaz 73 Joer) (Luxemburger Wort 1945, Nr. 120 (30. April), S. 2).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jacques Marie Bellwald – Biller, Videoen oder Audiodateien