Jacques Mesrine

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jacques Mesrine
Gebuertsnumm Jacques René Mesrine
Gebuer 28. Dezember 1936
Clichy
Gestuerwen 2. November 1979
18. Arrondissement
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Kriminellen

De Jacques René Mesrine [ʒak me'ʀin], gebuer den 28. Dezember 1936 zu Clichy-la-Garenne, a gestuerwen den 2. November 1979 zu Paräis, war e franséische Gewaltverbriecher.

Opgrond vun de Muerden a senger Gewalttätegkeet war de Mesrine bis zu sengem Doud a Frankräich Staatsfeind Nummer 1 (ennemi public n° 1). An der Ëffentlechkeet war hie wéinst senger Fäegkeet, mat Verkleedungen onerkannt ze bleiwen, och als Mann mat den dausend Maske bekannt a gouf als moderne Robin Hood stiliséiert.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Mesrine ass an enger mëttelstänneger Famill grouss ginn. Hien ass schonn a jonke Jore vun zwou Schoule wéinst aggressivem Verhale geflunn. 1955 huet hie sech mat 19 Joer bestuet, huet sech awer schonn am nächste Joer nees scheede gelooss, fir als Fallschiermjeeër an den Algeriekrich ze zéien, aus deem en 1959 mat der Auszeechnung Croix de la Valeur militaire zeréckkomm ass. 1961 huet hie sech nach eng Kéier bestuet. Aus deem Bestietnes goungen dräi Kanner ervir.

1961 koum et zu senger éischter Verurteelung wéinst onerlaabtem Waffebesëtz, eng Geldstrof. 1962 gouf de Mesrine no engem versichte Bankiwwerfall mat dräi Komplize fir d'éischt Kéier inhaftéiert. No 18 Méint Haft zu Düsseldorf an Orléans gouf en 1963 aus dem Prisong entlooss.