Jacques Meyers (Auteur)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Auteur Jacques Meyers. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jacques Meyers.
Jacques Meyers
Gebuer 1862
Gestuerwen 8. Juli 1916
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

De Jacques Meyers, gebuer den 12. September 1862[1] zu Bungeref a gestuerwen den 8. Juli 1916 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur.

Nom Kolléisch a Seminaire an der Stad goung hien op Léiwen a Berlin studéieren. Duerno huet hien am Iechternacher Kolléisch, dunn am Kolléisch, an duerno um Cours supérieurs enseignéiert.

De Jacques Meyers war 1900 Matgrënner a gouf Sekretär vun der Université populaire. Ausserdeem huet hien hir Zäitschrëft, d'Revue luxembourgeoise, mat erausginn, an doran Artikele publizéiert.

Hien huet eng sëllege Konferenzen doruechter gehalen, a war ë. a. Haaptriedner um "Katholikentag" 1905 zu Stroossbuerg. An den Diskussiounen am Virfeld vum Schoulgesetz vun 1912 war hien e vehemente Verfechter vun der Positioun vun der Droite.

Auszeechnungen[2][änneren | Quelltext änneren]

Quell[änneren | Quelltext änneren]

  • Evy Friedrich: Kalennerblieder 2, Lëtzebuerg, Verlag J.P. Krippler-Muller, 1980, S.201.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. P. Faber, Grevenmacher, S. 61.
  2. Doudesannonce vuM Jacques Meyers am Luxemburger Wort vum 8. Juli 1916 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-06-28.