Jacques Missy

Vu Wikipedia
Jacques Missy
Gebuer 1. Januar 1810
Gronn
Gestuerwen 25. Abrëll 1868
Reiningue
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geeschtlechen

De Jacques Missy, gebuer den 1. Januar 1810 am Gronn[1], an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 25. Abrëll 1868 an der Abtei Notre-Dame vun Oelenberg, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen.[2]

De Jacques Missy krut säin “diplôme de maturité” am Joer 1829. Den 1. September 1833 ass hien zum Priister geweit ginn. Duerno war hie Kaploun zu Mellier an der Belsch, dann zu Réiden op der Atert a vum 26. Juli 1836 zu Dikrech, wou hien zu gläicher Zäit och Professer am Dikrecher Progymnase ginn ass.[1]

Den 18. Oktober 1841 gouf de Missy Direkter vum Iechternacher Progymnase, e Posten, deen hien den 20. Abrëll 1854 opginn huet.[3] De 15. Mee 1854 gouf hie Paschtouer zu Schwéidsbeng. Den 12. Dezember 1856 ass hien an der d'Abtei Notre-Dame vun Oelenberg, an der Gemeng Reiningue am Elsass, an den Trappistenuerden, agetrueden.[1]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Ein Wort über das Echternacher Progymnasium. In: Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1841-1842. Königlich-Grossherzogliches Progymnasium zu Echternach, 1842, S. 3-7.
  • Gedanken über Unterricht und Erziehung. In: Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1848-1849. Königlich-Grossherzogliche Mittlere und Gewerbschule in Echternach, 1849, S. I-XII.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Heuertz, Félix, 1922. Le personnel de l'enseignement moyen ou secondaire du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 (1er août). In: Programme du Gymnase de Luxembourg 1921-1922, S. 40.
  2. Thill, Jean, 1897. Le Collège d'Echternach comme établissement de l'Etat depuis sa création jusqu'en 1897. In: Programme du Progymnase d'Echternach 1896-1897, S. 63. — Cf. Massard, Jos. A., 1988. Echternach und die Cholera. Ein Beitrag zur Geschichte der Medizin und der öffentlichen Hygiene in Luxemburg. Publications du Centre Universitaire de Luxembourg, Département des Sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1, S. 219.
  3. Démission honorable accordée par l'arrêté royal grand-ducal du 20 avril 1854. Cf. Courrier du Grand-Duché de Luxembourg 1854, No 35 (3 mai), S. 2 (Actes officiels). [1]