Jacques Navadic

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jacques Navadic, gebuer den 3. Januar 1920 zu Lille, ass e franséische Journalist.

Hie war vun 1955 u Chefredakter bei RTL a vun 1975 bis 1985 Direkter vun RTL-Télévision. Hien huet als Noriichtespriecher, zesumme mam Robert Diligent, e wäertvolle Pionéier-Bäitrag zur Entwécklung vu dëser Televisiounsstatioun geleescht.

50 Joer laang war hien an der Televisioun aktiv; bis an d'1980er Joren huet hie geschafft, ier e sech zur Rou gesat huet.

Hie verbréngt säi Liewensowend zu Nice(Frankräich), bei senger Duechter Michèle, déi och an der Televisiounsbranche aktiv ass.

Publikatiounen a Filmer[änneren | Quelltext änneren]

  • Navadic, Jacques: La visite de Monsieur le Président René Coty à Luxembourg, 1957, (Dokumentarfilm)
  • Navadic, Jacques mat aneren: Jean de Luxembourg, 1964, (Dokumentarfilm)
  • Navadic, Jacques: RTL-Télévision c'est nous, Buch, 1975